James
Chien, BEAGLE, 5 ans et 2 mois

Do hat wuel een ënnerschätzt wéi vill Zäit ee fir en Mupp wéi mech brauch. Ech sinn en Beagle/Braque-mix vu 5 Joer mat vill Energie.

Ech wënsche mir aktiv Mënschen, déi vill Zäit fir mech hunn, a mat mir net nëmme grouss Tier trëppele ginn, mee och méi Kapp schaffen dinn.

Nuesenaarbecht, Maintrailing oder ähnlech Aktivitéite géinge mech Aartgerecht auslaaschten. Well a menge Genen ass en richtege Jeeër, esou dass ee mech och net vun der Léngt ka loossen. Et kann een dat awer an déi richteg Richtung leeden duerch en Training fir deen ech allzäit op sinn.

Mat engem Muppemeedche géif ech mech ganz sécher verdroen. Muppejonge sichen ech mir no Sympathie aus. Dobaussen hunn ech se léiwer op Distanz.

Kanner kennen ech, ech well awer mat Respekt behandelt ginn. Duerch mäin freedegt Temperament sinn ech relativ stiermesch, esou dass ech kleng Kanner mol ëmrenne kann.

Kleng Déieren a Kaze sollten net a mengem neien Doheem sinn.

 

Caractère: Très gentil et actif
Compatibilité avec d'autres chiens: +- OK
Compatibilité avec des chats: Nee
Compatibilité avec les enfants: Wann si respektvoll mam Mupp ëmginn
Tatouage: CHIP