Zorro op Prouf fort
Chien, Chihuahua Shih Tzumix, 3 mois

Lo si mir mol zu zwee hei agezunn an der Hoffnung dat jidderee vun ons schnell säin Doheem fënnt.

Mir sinn zwee lëschteg kleng Muppekanner, déi Liewen nach virun sech hunn. Mir wëllen alles Neits an eisem neien Doheem kenneléieren. Mir ginn och gäre mat iech an eng Muppeschoul wou mir op eng Fär a léif Aart a Weis gewise kréie wei en sech behëlt.

Mir si keng Spillsaach an och kee liewegen Teddy fir Kanner !! Och wann mir nach jonk sinn a kleng bleiwen, wëlle mir vun deene Klengen an och deene Groussen als ganz normal Muppe gesi ginn an och esou behandelt ginn.

Mieze kenne mir net, mee alles léist sech leieren.