Dora
Mudder, Labradormischling, 13 Joer et 6 Méint

No 3 Joer bei mengem Mënsch, huet hien eis, meng Schwëster Laika a mech, hei ofginn. Ech sinn Dora an di mësch schwéier mat engem Liewen ausserhalb vu mengem Haus a Gard. Leider hunn mir näischt kenne geléiert, weder eis Ëmwelt nach aner Muppen.

Ech fäerten alles wat ech net kennen a setzen esou gutt wéi ni meng Patt virun Dier vum Asyl. Net well kee mat mir wëll spadséiere goe, mee well ech einfach nëmme fäerten a mech dann dohinsetzen a mech net méi vun der Platz beweegen.

Ech ginn onheemlech gär geschmuust a sinn och frou mat all Mënsch op kleng oder grouss. Eigentlech bräicht ech just eng Plaz mat engem Kierfchen an engem grousse Gard wou ech mech doheem fille kann. Spadséiere braucht dir net méi mat mir ze goen, ech géif et villäicht nach léieren, mee liewen elo schonn esou laang ouni, esou dat ech et net méi brauch.

En Muppenkolleg(in) brauch ech net, wann een do wär, misst ee kucken op ech mech mat him géif verdroen.

Charakter: Timide au début
Verhalen: Ganz léif
Versteet sech mat Kazen: Nee
Versteet sech mat Kanner: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Identifikatioun: CHIP