Boy
Chien, Welsh Terrier, 3 ans et 9 mois

Jonke Krauselkapp sicht neit Doheem. Ech sinn en rengrassege Welsh Terrier dee leider no bal 4 Joer säin Doheem verluer huet. Et war awer net meng Schold, well ech sinn en einfachen a montere Gesell dee mat all Mupp eens gëtt.

Ech spille gär mat Iech a géif och gäre gutt laang spadséiere goen.

Juegddriff hunn ech wahrscheinlech net ganz vill, well wéi se mat mir am Kazenhaus waren, hunn ech Miezen net vill bekuckt. Esou dass villäicht och eng léif, Muppe gewinnten, Miez a mengem neien Doheem däerf wunnen.

 

Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: +- Jo
Tatouage: Chip
Benji war bei den Coiffer
Chien, Rauhaardackel, 6 ans

Puh, wou sinn ech dann hei gelant. Ech kennen dat alles net, dofir hunn ech mech mol déi éischt Woch ënnert dem Schaaf verstoppt a wann een eppes vu mir wollt hunn ech mech aus Angscht mat „Hänn“ a Féiss gewiert.

Alles ass nei vir mech, ech sinn zwar gutt versuergt ginn a mengem alen Doheem, mee hunn näischt kenne geleiert. Ech sinn näischt fir bei Kanner, déi verstinn ech net.

Katze kennen ech net, do missten se hei am Asyl mol mat mir bei Katze goe fir ze kucken op ech intresséiert wär. Mee alles der Réi no.

 

Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Compatibilité avec des chats: Nach net getest
Compatibilité avec les enfants: Nee
Tatouage: Chip
Zorro op Prouf fort
Chien, Chihuahua Shih Tzumix, 3 mois

Lo si mir mol zu zwee hei agezunn an der Hoffnung dat jidderee vun ons schnell säin Doheem fënnt.

Mir sinn zwee lëschteg kleng Muppekanner, déi Liewen nach virun sech hunn. Mir wëllen alles Neits an eisem neien Doheem kenneléieren. Mir ginn och gäre mat iech an eng Muppeschoul wou mir op eng Fär a léif Aart a Weis gewise kréie wei en sech behëlt.

Mir si keng Spillsaach an och kee liewegen Teddy fir Kanner !! Och wann mir nach jonk sinn a kleng bleiwen, wëlle mir vun deene Klengen an och deene Groussen als ganz normal Muppe gesi ginn an och esou behandelt ginn.

Mieze kenne mir net, mee alles léist sech leieren.

Roxy op Prouf fort
Chienne, Labi Mix, 11 mois

Esou voller Energie dass ech munchmol net weess wouhi mat mir selwer, domat ware meng Léit iwwerfuerdert.

Ech sinn en verspillt an äerdegt Teenie Labi-Mix Meedchen, vun 10 Méint an total virwëtzeg op Liewen. E bësschen Erzéiung wär net schlecht, awer op eng léif an duuss Aart a Weis. Alles wat hektesch ass wie Jäizen oder Ball spillen, dréint mech op an da sprangen ech un iech a rappen un de Kleeder.

En Muppenkolleg däerf gären a mengem neien Doheem sinn.

Kanner a Kaze kennen ech, mee duerch meng Gréisst a meng Kraaft sinn si net ëmmer begeeschtert vu mir.

Caractère: Gentil et joueur
Compatibilité avec d'autres chiens: Jo
Tatouage: Chip
Chippie
Chienne, Epagneul Breton, 8 ans et 4 mois
Ech sinn eng Epagneul Breton Madamm vun 8 Joer an hat et bis elo a mengem Liewen net schlecht. Dat gesäit een och un mengem Gewiicht. Ech muss e bësschen ofhuelen, dat duerch Beweegung déi ech a leschter Zäit vermësst hunn, kee Problem däerft sinn.
Ech war gewinnt vill Stonnen eleng ze sinn, dat soll awer elo net méi sinn. Mech kann ee mat allem frou maache, wann ech nëmme bei menge Léit sinn.
Ech sinn als Juegdhond op Welt komm an hunn meng Nues dauernd um Buedem, dofir kann ee mech op mannst mol am Ufank net vun der Léngt loossen. Mat Kazen an aneren Deiere kann ech näischt ufänken.
Mat anere Muppe verstinn ech mech gutt.
Ech kenne Kanner a loosse mir vun hinne vill gefalen, trotzdeem sinn ech awer frou wann ech deen néidege Respekt entgéint bruecht kréinen.
Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chats: Nee
Compatibilité avec des chiens: Jo
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: Chip
Daisy
Chienne, Malinois Mix, 10 ans et 11 mois
Do sinn ech erëm, méin Gléck war leider net vun laanger Dauer.
Nodeem méin Mënsch gestuerwen ass, sinn ech erëm adoptéiert ginn. Si huet mech verstane mat menger Angscht virun friemen Leit an huet mirZéit ginn fir mech mat mengen Muppenkollegen déi schonn am Haus gelieft hunn unzefrënnen.
Hunn ech fréier aus Angscht gebass, sinn ech haut mengem Alter entspriechend vill méi roueg an kommen no enger Zéit an mat e bësschen Gedold vum selwen schmusen.
Ech hunn et gären e bësschen méi gemittlech, Kanner an Muppenkolegen mussen et an mengem neien doheem net ginn.
Caractère: Gentil
Compatibilité avec d'autres chiens: Ok +-
Compatibilité avec des chats: Non
Compatibilité avec les enfants: Non
Tatouage: Chip
James
Chien, BEAGLE, 5 ans et 3 mois

Do hat wuel een ënnerschätzt wéi vill Zäit ee fir en Mupp wéi mech brauch. Ech sinn en Beagle/Braque-mix vu 5 Joer mat vill Energie.

Ech wënsche mir aktiv Mënschen, déi vill Zäit fir mech hunn, a mat mir net nëmme grouss Tier trëppele ginn, mee och méi Kapp schaffen dinn.

Nuesenaarbecht, Maintrailing oder ähnlech Aktivitéite géinge mech Aartgerecht auslaaschten. Well a menge Genen ass en richtege Jeeër, esou dass ee mech och net vun der Léngt ka loossen. Et kann een dat awer an déi richteg Richtung leeden duerch en Training fir deen ech allzäit op sinn.

Mat engem Muppemeedche géif ech mech ganz sécher verdroen. Muppejonge sichen ech mir no Sympathie aus. Dobaussen hunn ech se léiwer op Distanz.

Kanner kennen ech, ech well awer mat Respekt behandelt ginn. Duerch mäin freedegt Temperament sinn ech relativ stiermesch, esou dass ech kleng Kanner mol ëmrenne kann.

Kleng Déieren a Kaze sollten net a mengem neien Doheem sinn.

 

Caractère: Très gentil et actif
Compatibilité avec d'autres chiens: +- OK
Compatibilité avec des chats: Nee
Compatibilité avec les enfants: Wann si respektvoll mam Mupp ëmginn
Tatouage: CHIP
Luna
Chienne, croisement Podengo taille petite à moyenne, 6 ans et 10 mois

Keen weess wat ech erlieft hunn, wahrscheinlech net vill Guddes. Ech sinn Luna vu bal 7 Joer an total onsécher, doduerch hunn ech e puer Schéinheetsfeeler mat deenen ee muss ëmgoe kënnen.

Ech brauch am Beschten nëmmen een eenzele Mënsch. Dat heescht ech sichen en Doheem wou idealerweis eng Persoun eleng lieft an déi ech ganz fir mech eleng hunn. Ech beschützen si mat grommelen an Zänn weisen, genau esou wei mäin Fudder, dat kéint jo ee mir ewechhuelen. Schong oder Féiss si mir suspekt, virun allem wann ee mat hinne fest optrëppelt oder widder eppes kënnt wat da Kaméidi mëscht.

Grouss Spadséiergäng wäre fir mech ideal, mee awer un der Léngt, wat ech ganz gär a brav maachen.

Kazen an aner kleng Déieren, déi sinn a mengen Aen do fir ze joen, do kennt da mäin Podenco Ierwen eraus an ech flitzen allem no.

En anere Muppenfrënd(in) kann awer gär a mengem neien Doheem sinn.

Caractère: gentil et actif, mais tendance à défendre ses "ressources"
Compatibilité avec d'autres chiens: +-ok mat Muppen dei dem Luna sympatesch sinn
Compatibilité avec des chats: Nee
Tatouage: CHIP
Baloo
Chien, XBorder Collie, 1 ans et 7 mois

Als Welpen bei engem Schéifer op Welt komm, an als Mupp deem seng Elteren en Border Collie an en Altdeutscher Hütehund sinn, déi nach richteg bei de Schof schaffen, sinn ech menger Famill ganz schnell iwwer de Kap gewuess.

Ech sichen en Doheem mat Léit déi wëssen, dass ech méi wéi einfach Spadséiergäng brauch, an déi sech och bewosst sinn, dass ech nach net vill a mengem Liewe geléiert hunn. Alles wat ech dobausse begéingen, iwwerfuerdert mech nach schnell, wann ech meng Vertrauenspersoun net niewent mer hunn. Wann hei am Asyl mat mir trainéiert gëtt, soen se ech wier awer en richtege Musterschüler.

Ech däerf net mat engem Ball, dee geschoss gëtt, beschäftegt ginn. Do dréinen ech esou op dass ech kee Frënd méi kennen.

Kleng Kanner sollten net a mengem neien Doheem sinn, déi huelen ech net eescht a rennen se einfach iwwer de Koup. Jugendlecher déi respektvoll mech beschäftege géifen, fannen ech awer super.

Kaze well ech net a mengem neien Doheem, genau esou wéineg wei aner kleng Deieren.

En souveräänt Muppemeedche kann a mengem neien Doheem sinn, mat Jonge verstinn ech mech net esou gutt.

Caractère: Très gentil et actif
Comportement: a besoin de beaucoup d'espace, d'attention et de présence humaine
Compatibilité avec d'autres chiens: ok +- pour chiens paisibles
Compatibilité avec des chats: à voir
Compatibilité avec les enfants: ok pour adolescents presqu'adultes traitant les animaux avec respect
Vie en famille: famille active, expérimentée et patiente
Tatouage: CHIP
Suba : procédure d'adoption en cours
Chien, LabradorXWeimaraner, 4 ans et 10 mois

Subas  Leben VOR dem Tierheim war alles andere als artgerecht: 3 maliger Besitzerwechsel, zum Schluss 8 Stunden eingesperrt in einer kleinen Wohnung, bzw. in einer Duschkabine!!!, kurze 10 Minutenspaziergänge morgens und abends, tierschutzrelevante "Behandlung" an der Leine, Punchingball für den Frust seiner Besitzer .... bis die völlig überforderte Familie endlich davon überzeugt  werden konnte, Suba im Tierheim abzugeben.

Trotz seiner schlechten Erfahrungen ist Suba ein  lieber, anhänglicher Hund geblieben, der aber noch viele Dinge des täglichen Lebens kennenlernen muss. Im Tierheim hat der 35kg Koloss  die verpasste Kindheit und Jugend im Eiltempo nachgeholt - er ist auch jetzt noch sehr tollpatschig und verspielt -  und hat die neu erlangte Bewegungsfreiheit in vollen Zügen genossen.

Sein Benehmen gegenüber kleineren, friedlichen Artgenossen ist sozial, so dass er zeitweise in eine unsere Hundegruppen integriert werden konnte. Sobald sein anfangs relativ hohes Stresslevel - bedingt durch die vielen neuen Eindrücke -  sich gesenkt hatte, fingen  wir an  u.a. Subas Leinenführigkeit - sein wahrscheinlich größter Schwachpunkt - mit  Methoden der positiven Verstärkung langsam aber sicher verbessern, damit er in ein neues - hundeerfahrenes, ausgeglichenes und geduldiges Zuhause vermittelt werden konnte.

Die mehr als schlechte und tierschutzrelevante Haltung bei dem oder den Vorbesitzer(n) hatte katastrophale Auswirkungen auf die Mobilität seiner Gelenke: Qualitativ schlechtes Futter, was einer Mangelernährung gleichkommt, und bei weitem nicht ausreichende Bewegung ( Eingesperrtsein auf engem Raum) führten zu einer Instabilität der Gelenke, wobei besonders die Hinterläufe betroffen waren.

Damit SUBA nicht in mehr oder weniger naher Zukunft Lähmungserscheinungen zeigen würde, musste er sich  erstmal 2 aufeinanderfolgenden chirurgischen Eingriffen an den Hinterbeinen unterziehen. Nach  Erholungsphase und der darauf folgenden erneuten medizinischen Beurteilung sind 2 weitere OPs an den Vorderbeinen zwar   nicht ganz auszuschließen, allerdings könnten diese Eingriffe erst zu einem späteren Zeitpunkt nötig sein.

Suba hat während der Monate im Tierheim große Fortschritte gemacht, was das Vertrauen in die Menschen anbelangt. Das Leinentraining konnte ebenfalls wieder aufgenommen werden und wird Subas Leinenführigkeit langsam aber sicher verbessern, so dass er bereit für ein neues Zuhause ist.

Caractère: Très gentil et actif
Comportement: a besoin de présence humaine,d'attention et d'espace
Compatibilité avec d'autres chiens: ok +- pour chiens paisibles, mais limites
Compatibilité avec des chats: NON
Compatibilité avec les enfants: ok pour adolescents
Vie en famille: famille active, patiente et expérimentée
Tatouage: CHIP