Laika
Chienne, croisement labrador , 13 ans et 4 mois

Spadséieren nee Merci. Dat wëll ech net, net well ech net kann, mee well ech alles dobausse fäerten. Ech hunn an deenen éischte Jore vu mengem Liewen näischt kenne geléiert, a fille mech just do wuel wou ech kënneg sinn.

Ech géif mech mat engem grousse Gard an enger Platz bei iech am Haus wuel fillen, an e Mënsch dee mech gären huet a mat mir schmuust, méi brauch ech net a mengem Liewen.

Hei am Asyl hunn se probéiert mat mir spadséieren ze goen, ech sinn och freedeg mat eraus gaangen, awer soubal ech e bëssche méi wäit vum Gebai ewech war, sinn ech net méi matgaangen. Ech setze mech dann einfach dohin a waarde bis et erëm Heem (Asyl) geet.

E Muppenfrënd(in) kann a mengem néien doheem sinn, genau sou wéi Kanner.

Kaze muss ee probéieren.

Caractère: Timide au début
Compatibilité avec d'autres chiens: Ok +-
Compatibilité avec des chats: Nee
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: CHIP
Dora
Chienne, Labradormischling, 13 ans et 4 mois

No 3 Joer bei mengem Mënsch, huet hien eis, meng Schwëster Laika a mech, hei ofginn. Ech sinn Dora an di mësch schwéier mat engem Liewen ausserhalb vu mengem Haus a Gard. Leider hunn mir näischt kenne geléiert, weder eis Ëmwelt nach aner Muppen.

Ech fäerten alles wat ech net kennen a setzen esou gutt wéi ni meng Patt virun Dier vum Asyl. Net well kee mat mir wëll spadséiere goe, mee well ech einfach nëmme fäerten a mech dann dohinsetzen a mech net méi vun der Platz beweegen.

Ech ginn onheemlech gär geschmuust a sinn och frou mat all Mënsch op kleng oder grouss. Eigentlech bräicht ech just eng Plaz mat engem Kierfchen an engem grousse Gard wou ech mech doheem fille kann. Spadséiere braucht dir net méi mat mir ze goen, ech géif et villäicht nach léieren, mee liewen elo schonn esou laang ouni, esou dat ech et net méi brauch.

En Muppenkolleg(in) brauch ech net, wann een do wär, misst ee kucken op ech mech mat him géif verdroen.

Caractère: Timide au début
Comportement: Ganz léif
Compatibilité avec des chats: Nee
Compatibilité avec les enfants: Jo mat Kanner déi wëssen wei mat engem Mupp emgoen​
Tatouage: CHIP