Luna
Chienne, croisement Podengo taille petite à moyenne, 6 ans et 9 mois

Keen weess wat ech erlieft hunn, wahrscheinlech net vill Guddes. Ech sinn Luna vu bal 7 Joer an total onsécher, doduerch hunn ech e puer Schéinheetsfeeler mat deenen ee muss ëmgoe kënnen.

Ech brauch am Beschten nëmmen een eenzele Mënsch. Dat heescht ech sichen en Doheem wou idealerweis eng Persoun eleng lieft an déi ech ganz fir mech eleng hunn. Ech beschützen si mat grommelen an Zänn weisen, genau esou wei mäin Fudder, dat kéint jo ee mir ewechhuelen. Schong oder Féiss si mir suspekt, virun allem wann ee mat hinne fest optrëppelt oder widder eppes kënnt wat da Kaméidi mëscht.

Grouss Spadséiergäng wäre fir mech ideal, mee awer un der Léngt, wat ech ganz gär a brav maachen.

Kazen an aner kleng Déieren, déi sinn a mengen Aen do fir ze joen, do kennt da mäin Podenco Ierwen eraus an ech flitzen allem no.

En anere Muppenfrënd(in) kann awer gär a mengem neien Doheem sinn.

Caractère: gentil et actif, mais tendance à défendre ses "ressources"
Compatibilité avec d'autres chiens: +-ok mat Muppen dei dem Luna sympatesch sinn
Compatibilité avec des chats: Nee
Tatouage: CHIP