Generalversammlung vun der SPAD asbl am Zeeche vu Wiessel a Kontinuitéit

20/03/2017

Am Kader vun der Generalversammlung vun der "Société pour la Protection des Animaux Dudelange SPAD asbl" huet d'Vertriederin vun der "Lëtzebuerger Déiereschutzliga" , d'Madame Gaby Wolter  dem Diddelenger Déiereschutz e Scheck vu 50.000 € iwwerreecht. Dëse  generéisen Don hëlleft en Deel vun de Funktiounskäschte vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng ze decken.

D'Vertrieder vum Regionalen Déierenasyl - Diddeleng, dat all Joers 450-500 Kazen a Muppen ophëlt an domadder d'Nationaalt Déierenasyl substantiell entlaascht, hunn hire Merci fir dëse frëndschaftleche Geste ausgedréckt. An Zäiten, an deenen d'Déiereschützer mat villen däregen an onnéidege Problemer ze kämpfen hunn, ass et wichteg zesummenzehalen an sech gemeinsam fir den Déieren hir Rechter a Liewensbedingungen anzesetzen, e Grondsaz, deen och duerch d'Präsenz vun anere wichtege Lëtzebuerger Déiereschutzveräiner wéi de Privaten Déiereschutz an d'ALPA bestätegt ginn ass.

Een anere wichtege Punkt op der Generalversammlung war dee schonn 2016 ugekënnegte Wiessel un der Spëtz vun der SPAD asbl. No 33 Joer als President huet de Romain Misteri - deen dem Veräin awer als Keessier erhale bleift -  d'Leedung vun der "Société pour la Protection des Animaux Dudelange asbl" weider ginn un de Paul Weber , Philosophieprofesser am LMRL a säit enger Rei vu Jore ganz aktiv an der Asylsequipe.

De René Manderscheid, Schäffe vun der Gemeng Diddeleng huet déi excellent an zukunftsorientéiert Aarbecht vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng gewierdegt. Am Géigesaz zu vill aner Veräiner, déi Nowuessuergen hunn, ass dem Diddelenger Asyl seng jonk, dynamesch an innovativ Equipe de beschte Garant fir eng erfollegräich Aarbecht zum Wuel vun den Déieren.

A senger Ried ass de René Manderscheid awer och op dee geplangten Neibau vum Regionalen  Déierenasyl agaangen. De Projet ass an de leschte Méint weider fortgeschratt, d'Pläng si souwäit fäerdeg an als Nächstes stinn d'Autorisatiounen an de Finanzéierungsplang um Programm. 

Wat d' Déierenasyl ubelaangt, sou ass d'Marie-Paule Schons déi nei Responsabel fir d'Muppen,  d'Sabine Lessnig bleift Kazeresponsabel, de Claude Schons , Vizepräsident vun der SPAD, behält d'Responsabilitéit fir d'Asylsequipe an den techneschen Deel, d'Marie-Anne Misteri, Sekretärin vun der SPAD, ass weiderhin allgemeng Asylsresponsabel.

2016 goufen 351 Kazen an 82 Honn an de Regionalen Déierenasyl Diddeleng opgeholl. Nëmme ronn 20% komme vun Diddeleng, déi reschtlech 80% ginn aus den Nopeschgemengen, awer och aus aneren Deeler vum Land ageliwwert.

Als besonnesch problematesch gesinn d’Déiereschützer, datt vill Déierenhalter sech der Responsabilitéit géigeniwwer hirem Mupp oder hirer Kaz guer net bewosst sinn oder guer net dozou stinn.

Vill Déieren, déi dem Asyl iwwerlooss ginn, sinn eeler oder/an hu chronesch Krankheeten, well ni uerdentlech no hinne gekuckt ginn ass. Anerer hu méi oder wéineger schwéier Verhalensproblemer, déi op eng onaartgerecht an onfair Haltung zeréckzeféieren ass. Et ass kloer, datt trotz de Beméiunge vun der Asylsequipe mat vill Gedold an Training, dësen Déieren erëm d’Vertrauen an d’Mënschen zeréckzeginn, sech ganz wéineg Leit fanne fir esou engem Mupp oder enger Kaz eng nei Chance ze bidden.

Weider Problemer, déi d’Asyler ëmmer méi belaaschte wäerten, sinn déi privat, net agreéiert Ziichter, déi gär einträglech Geschäfter mat hiren Déiere maachen, grad esou wéi d’Händler, déi sech an de grujelege Massenzuuchten mat lieweger Wuer andecken a schliisslech eng Rei vun onseriöen Importveräiner. All dëst irresponsabelt Hin an Hier vun Déiere fonctionnéiert besonnesch iwwert Internet an d’sozial Netzwierker. Bei Problemer gëtt d’Déier da weidergereecht a lant schlussendlech no enger Partie vu Statiounen oft krank oder verhalengestéiert am Asyl. Fir vill Honn oder Kazen ass dëst leider déi eenzeg Chance op en aartgerecht Liewen an eng fair Behandlung.

Am Regionalen Déierenasyl Diddeleng gouf niewent den übleche Reparatur an Entretiensaarbechte vill fir d’Sécherheet geschafft. Nom Abroch Ufanks 2016 ass eng Alarmanlag installéiert ginn, d’Beliichtung vun den Ausleef gouf verbessert, an d’Schlesser un den Diere bannen a bausse securiséiert.

Eng weider net virgesinnen Ausgab war d’Installatioun vun enger neier Klimaanlag um 1. Stack.

D’Manifestatioune vum a fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng grad sou wéi d’Sensibiliséierungscampagne ginn natierlech och 2017 weidergefouert.

Porte-Ouverte am Déierenasyl ass den 3.September, de Bazar – mat neiem Gesiicht – den 1. Oktober. Derniewent bitt den Déierenasyl weiderhin interessant Formatiounen a Konferenzen un an op Nofro och pädagogesch Féierungen. Natierlech bedeelegen sech déi Diddelenger Déiereschützer wéi an de vergaangene Joren och gär u Schoulprojeten. D’Patenschaftsaktioun zugonschte vun de 4beenege « Fleegekanner » vum Déierenasyl ass 2016 nei relancéiert ginn a gëtt och 2017 weidergefouert.

De Second Hand Shop fir Mupp a Kaz, grad esou wéi de Shop mat de Fan-Artikele vum Asyl an de Fachbicher iwwert eng fair an aartgerecht Haltung vun Hond a Kaz sinn all Dag – ausser Sonndes an de Feierdeeg - zu den Ëffnungszäite vum Asyl op (17h30-19 Auer).

Fir den Déieren déi beschtméiglech Fleeg zoukommen ze loosse mussen all Joers iwwert 300.000 € zesummekommen. De Regionalen Déierenasyl ass op d’Generositéit vu villen Déierefrënn ugewisen an ass frou iwwert all Don op de Konto : LU52 1111 0026 3011 0000 (CCPLLULL).

Donateuren hunn awer och d’Méiglechkeet online iwwert déi ëmmer aktualiséiert Internetsäit www.asile.lu ze spenden. Eis verloosse Muppen a Kaze soe Merci am Viraus.

Detailler vum Aktivitéitsbericht 2016 fannen interesséiert Déierefrënn a folgender PDF Datei:

http://www.asile.lu/files/RAPACT17site.pdf