Projet "Smooth-A-Fruit" am Lycée Michel Lucius : Don fir déi verloossen Déieren

15/07/2017

Am Kader vun hirem Klasseprojet haten 8 SchülerInne vun enger 12e Commerce d'Mini-Entreprise "Smooth-A-Fruit" op d'Bee gestallt an hunn déi allsäits beléifte Smoothië produzéiert a verkaaft.

De finalen Erléis, deen um Enn vum Schouljoer iwwreg bliwwen ass, waren ëmmerhi stolz 1050 € an dës Zomm hunn déi jonk Leit dem Regionalen Déierenasyl - Dideleng gespent.

Niewent der materieller Spend ass awer och den Engagement vun de jonken Déierefrënn ervirzehiewen, déi duerch hiren Asaz aktiv a konstruktiv hëllefen, d'Effikassitéit vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg ofzesécheren.