En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vum Grillfest "Arlette a Romy mam Sam"

07/08/2019

Wéi schon déi lescht Joren hunn d’Arlette an de Romain Folschette och 2019 nees e Grillfest fir Frënn a Famill organiséiert an domat d’Diddelenger Déierenasyl ënnerstëtzt. Si wollten nämlech keng Kaddoen, mee hunn amplaz dovu Sue fir eis Déiere gesammelt. Ganzer 1100 Euro sinn duerch déi Initiativ zesummekomm!
De 7. August goufen d’Arlette an de Romain zesumme mat hirem treie Mupp Sam am Asyl empfaangen a si hunn hir generéis Spend iwwerreecht. 
Eis Muppen a Kaze soen hinnen e ganz grousse Merci, datt si sou oneegennëtzeg waren an d’Asyl mat sou vill Suen ënnerstëtzt hunn.