En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vun den Ofschlossklassen 2017 aus dem LNBD

13/09/2017

Kierzlech war de Komitee vun den Ofschlossklassen aus dem LNBD op Besuch am Déierenasyl. D'Schüler, déi dëst Joer hir 1ière oder hir 13e ofgeschloss hunn, haten iwwert d'Schouljoer mat  e puer Aktiounen, wéi Kuch verkafen oder Tombolaen Sue gesammelt fir  d'Ofschlossfeier vun hirer Lycéeszäit ze finanzéieren.  Zum Schluss sinn nach stolz 550€ iwwregbliwwen, déi dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng als Spend iwwerreecht gi sinn.

Mir soe villmools Merci fir dee léiwe Geste a wënschen de jonke Leit nach vill Erfolleg op hirem weidere Studiewee.