"INFO-SESSION" AM DÉIERENASYL - 03.Dezember vun 13-17 Auer

02/11/2017

Well mir dëst Joer KEE Stand um Chrëschtmaart zu Diddeleng hunn an awer de Leit d’Méiglechkeet wëlle gi fir mat eis a Kontakt ze bleiwen, hu mir eng „Info - Session“ geplangt.

Dës „Info Session“ fënnt  während 4 Stonne Sonndes den 03. Dezember vun 13h00 bis 17h00 am Asyl um 1. Stack an eisem Sall statt a „beschränkt“ sech och op de Sall !!, well mir  eis Honn a Kazen kengem onnéidege Stress aussetze wëllen.

Fir deene Leit, déi en Hond oder eng Kaz hunn a villäicht „Problemer“ oder einfach nëmme Froen zur Haltung, Erzéiung, Ernärung oder Beschäftegung hunn,  d’Méiglechkeet zë ginn, sech „gratis“ an onverbindlech Rot an Ënnerstëtzung zë huelen, hunn d'Verantwortlech vun deene verschiddenen Asylsressorten entscheet fir d’Wëssen an d'Erfarung vun der Asylsequipe „ zur Verfügung“ zë stellen.

Mir ginn och Informatiounen iwwert den Neibau vum Asyl a wann eng Persoun Interessi un engem Volontariat huet da kënne mir éischt Detailer klären.

Natierlech sinn eisen Dokumentatiounszenter, eise  Shop an eise SecondHand Shop och op a  fir Iech  e gemittlechen Nomëtteg an engem "relaxe Kader" ze garantéieren, bidde mir  hausgemaachten  Taart a  Kuch mat enger Taass Kaffi  un.

Mir freeën eis op Äre Besuch!