En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vun der T3CM1 aus dem LNB

15/12/2017

Kierzlech hunn eng Grupp Schüler aus dem LNB zesumme mat hirem Régent  dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng en Don iwwerreecht. An engem Klasseprojet  haten déi jonk Leit mat vill Engagement e "Fundraising" organiséiert an déi gesammelt Spenden goufen op  verschidden Organisatiounen verdeelt. D'Equipe aus dem Regionalen Déierenasyl an hir 4beeneg Frënn soe villmools MERCI  fir dee generéise Geste.