Zukunftsorientéierte Generatiounswiessel

21/03/2018

Generalversammlung vun der

« Société pour la Protection des Animaux Dudelange a.s.b.l. »

-  Zukunftsorientéierte Generatiounswiessel –

 

De Generatiounswiessel, dee schonn 2016 mat der Ernennung vun neie, méi jonke Responsabelen ugefaangen huet, ass am Kader vun der Generalversammlung vun der "Société pour la Protection des Animaux Dudelange a.s.b.l." de 16. Mäerz 2018 vollend ginn.

No 35 Joer, hun déi läscht Grënnungsmemberen vum Diddelenger Déiereschutz dem Diddelenger Déierenasyl Äddi gesot. An hirem Abschidsbréif, dee virgelies ginn ass, hunn sinn hiert Vertrauen ausgedréckt, dass déi nei a jonk Equipe, sou wéi och si selwer all déi Jore virdrun, d‘Wuel vun den Déieren an d‘Verbesserung vun hire Liewensbedingungen als Motivatioun huet, fir d‘Zukunft vum Diddelenger Déierenasyl ze assuréieren.

2017 goufen eng 303 Kazen a 86 Honn an de Regionalen Déierenasyl Diddeleng opgeholl. Nëmme ronn 20% kommen aus der Gemeng Diddeleng, déi reschtlech 80% ginn aus de Südgemengen an aus allen Deeler vum Land ageliwwert.

Als besonnesch problematesch gesi mir, datt vill Déierenhalter sech der Responsabilitéit géigeniwwer hirem Mupp oder hirer Kaz guer net bewosst sinn oder guer net dozou stinn.

Vill Déieren, déi dem Asyl iwwerlooss ginn, sinn eeler oder/an hu chronesch Krankheeten, well ni uerdentlech no hinne gekuckt ginn ass. Anerer hu méi oder wéineger schwéier Verhalensproblemer, déi op eng net aartgerecht an onfair Haltung zeréckzeféieren sin. Et ass kloer, datt trotz de Beméiunge vun der Asylsequipe mat vill Gedold an Training, dësen Déieren erëm d’Vertrauen an d’Mënschen zeréckzeginn, sech ganz wéineg Leit fanne fir esou engem Mupp oder enger Kaz eng nei Chance ze bidden.

Weider Problemer, déi d’Asyler ëmmer méi belaaschte wäerten, sinn déi privat, net agreéiert Ziichter, déi gär einträglech Geschäfter mat hiren Déiere maachen, grad esou wéi d’Händler, déi sech an de grujelege Massenzuuchten mat lieweger Wuer andecken.

 

Ganz „geféierlech“, och hei zu Lëtzebuerg, sin onseriös Importveräiner déi sëch de Mäntelche vum Déiereschutz undinn, ganz populistesch optrieden an a Wirklechkeet just hannert dem Geld hier sinn an de „Suivi“ am Fall vu Problemer mat den adoptéierten Déieren den Asyler hei am Land „iwerloossen“.

All dëst irresponsabelt Hin an Hier vun Déiere fonctionnéiert besonnesch iwwert Internet an d’sozial Netzwierker. Bei Problemer gëtt d’Déier da weidergereecht a lant schlussendlech no enger Partie vu Statiounen oft krank oder verhalengestéiert am Asyl. Fir vill Honn oder Kazen ass dëst leider déi eenzeg Chance op en aartgerecht Liewen an eng fair Behandlung.

 

Detailer zum geplangten Neibau vum Regionalen Déierenasyl-Diddeleng woren och gewuer ze gin. De Projet, dee schon 2016 lancéiert gouf, ass am leschte Joer weider fortgeschratt. No ganz produktive Reunioune mat der Gemeng Diddeleng an der Visite vum Akerbau Minister Här Etgen zesumme mat dem Dr. Wildschütz vun der Veterinärsinspektioun, ass en Architektebüro vun Diddeleng mat dem Ausschaffe vum Cahier de charges beobtragt. Als Nächstes stinn d'Autorisatiounen an de Finanzéierungsplang um Programm. An dësem Kontext wier déi, leider scho fir 2. Kéier, ugefroten a bis elo nach nët accordéierten „Utilité publique“ ganz hëllefräich.

D’Manifestatioune vum a fir de Regionalen Déierenasyl-Diddeleng grad sou wéi d’Sensibiliséierungscampagne ginn natierlech och 2018 weidergefouert.

Porte-Ouverte am Déierenasyl ass de 15. Abrëll 2018, d‘Hierschtfest den 7. Oktober 2018, mat neiem Gesiicht, an der Maison Syndicale zu Diddeleng. Derniewent bitt den Déierenasyl-Diddeleng weiderhin interessant Formatiounen a Konferenzen un. Op Nofro och pädagogesch Féierungen.

Natierlech bedeelegen mir eis, wéi an de vergaangene Joren och, gär u Schoulprojeten. D’Patenschaftsaktioun zugonschte vun de 4beenege « Fleegekanner » vum Déierenasyl gëtt och 2018 weidergefouert.

De Second Hand Shop fir Mupp a Kaz, grad esou wéi de Shop mat de Fan-Artikele vum Asyl an de Fachbicher iwwert eng fair an aartgerecht Haltung vun Hond a Kaz si vun Méindes bis Samschdes zu den Ëffnungszäite vum Asyl vu 17h30 bis 19h00 Auer op.

Fir den Déieren déi beschtméiglech Fleeg zoukommen ze loosse mussen all Joers iwwert 350.000.-€ op Spendebasis zesummekommen.

De Regionalen Déierenasyl-Diddeleng ass op d’Generositéit vu villen Déierefrënn ugewisen an brauch all Arte vun Don.

Jiddereen deen de Régionalen Déierenasyl wëllt ënnerstëtze fënd Détailer dozou hei op esier Internetsäit ënnert Contact/Dons - Dons

Déi verloosse Muppen a Kaze soen am Viraus e grousse MERCI.

 

Den Direktiounscomité vum Régionalen Diddelenger Déierenasyl