No baal 3 Joer hu mir endlech onst Doheem font, Mona an Mandy

03/06/2018

Mona an Mandy

„No baal 3 Joer hu mir endlech onst Doheem font“

Wéi dir sécher scho wësst haten d’Mandy an ech kee ganz gudde Start… Mir sinn am Juli 2015 zesumme mat 3 Schéiferhënn niewent dem Asyl ausgesat ginn an hu säitdeem eis Zäit gréisstendeels am Asyl verbruecht. Zwee Mol hat ech, d’Mona, d’Chance bei eng nei Famill ze plënneren. Nodeems mech déi éischt Famill net méi konnt halen, well ech nach net propper war, si awer ee klengt Kand haten (mat deem ech awer super eens gi sinn!), sinn ech du bei déi zweet Famill komm – oder och net. Well wou déi zweet Famill mech wollt aus dem Auto huelen fir mech a mäin neit Doheem ze bréngen, hunn ech séier d’Flucht ergraff! E neit Doheem ouni meng Schwëster a beschte Frëndin d’Mandy? Dat koum fir mech net a Fro! 5 Deeg laang hunn ech mech duerch d’Stad gekämpft ewéi ee richtege Stroossemupp – trotz deene ville Sichaktiounen, déi d’Zweebeener aus dem Asyl gestart haten. No 5 Deeg hunn si mech endlech bei enger Baustell fonnt. Gutt dass d’Mandy matkomm war fir mech ze sichen; Esou hunn ech si direkt erëmerkannt a si ganz schnell erëm mat menger Schwëster zesummen an d’Déierenasyl komm, wou ech mir keng Gedanke méi iwwert ee waarmt Bett an eng gutt Moolzecht misst maachen.

Opgrond vu mengem klengen „Ausreißer“ hunn dunn d’Zweebeener aus dem Asyl entscheet, dass et wuel dach dat Bescht fir eis wier, d’Mandy a mech just am Doppelpack bei eng nei Famill ze ginn. Dëst huet eis zwee zwar immens gefreet, awer ënnerlech wousste mir och, dass dat eis Adoptiounschancen och géif verréngeren… Eng kleng, geckeg Chihuahuamadame ass eng Saach, awer direkt zwou beieneen? Dir kënnt Iech sécher virstellen, dass dat e puer Interessenten ofgeschreckt huet!

Wéi mir eis et erwaart hunn, huet et dunn e bësse gedauert, awer 2017 war et endlech esou wäit: Eng Famill hat endlech Interessi un eis zwee a no kuerzer Bedenkzäit si mir och bei dës Famill erageplënnert. Mir hunn eis sichtlech wuelgefillt; Endlech ee wonnerschéint Doheem, wou mir zu zwee konnten onbeschwéiert spillen an eis et gutt goe loossen – awer d’Gléck war leider just vu kuerzer Dauer, well no e puer Deeg huet sech bei de Leit, déi eis adoptéiert haten, eng Allergie entwéckelt, déi et hinne leider onméiglech gemaach huet, eis och weiderhin kënne bei sech ze halen. A wéi et also sollt sinn, si mir zwee erëm an d’Asyl zeréckgeplënnert.

Ee Mount ass vergaangen, zwee, dräi a nach e puer weiderer… Bis op eemol, Ufank vun dësem Fréijoer, eng nei Famill an den Asyl koum, déi no engem klenge Mupp gesicht huet. Dat war eis grouss Chance! Mir hunn eis natierlech vun eiser allerbeschter Säit gewisen a gehofft de Leit doduerch de Gedanke schmackhaft ze maachen, dass et eis just am Doppelpack gëtt… An dës Kéier war d’Gléck op eiser Säit! De Leit huet et näischt ausgemaach, dass mir just zu zwee kënnen adoptéiert ginn an esou hunn si sech no kuerzer Zäit derzou entscheet d’Mandy a mech zesumme bei sech eraplënneren ze loossen! Leit hunn schonn no kuerzer Zäit gemierkt, dass mir zwee perfekt an hir Famill erapassen an sech doduerch derzou entscheet ons definitiv ze adoptéieren! Ab deem Moment stoung fir eis fest: Mir hunn elo endlech no laangem Sichen, gedëllegem Waarden a villem Hoffen eng fest Bleif fonnt, wou mir eis et zu zwee kënne gutt goe loossen an eis Deeg kënne genéissen! Dëst wollte mir Iech natierlech net virenthalen!

Mir bedanken eis häerzlech fir Är generéis Ënnerstëtzung am Laf vun de leschte Joren a verabschiden eis vum Asyl a soumat och vun Iech mat der freedeger Nouvelle:

MIR SINN ADOPTÉIERT GINN !!

 

Léif Gréiss,

 

Äert Mona an Äert Mandy