De Fränz vum Cents

25/11/2018

Gudde Moien dir léif Leit, wou ech genau hier kommen weess keen. Ech sinn déi éischte Kéier, den 10. Oktober 2018, zu Gaasperech opgetaucht. Do hunn mech verschidde Leit gesinn, mee sech näischt dobäi geduecht.

Iergendwann hat ech dann de Wee op den Cents fonnt, do sinn ech eng Zäit laang ronderëm gestrummt. Och do sinn ech vun de Leit gesi ginn. Op menge Streiftier hunn ech bei enger Residenz en Kéipche Fudder entdeckt. Dat hunn ech mir gutt schmaache gelooss, den éischten Honger war gestëllt. Den aneren Dag sinn ech erëmkomm, dunn louch erëm eppes do, hmmm hei ass eng gutt Platz, hei kann ech erëmkommen.

Esou sinn ech Dag vir Dag méin Tierchen getrëppelt a sinn ëmmer erëm op där selwechter Platz opgetaucht, fir mir do de Bauch voll ze schloen mat deem gudden Iessen wat do louch. Eng Madamm aus der Residenze ass op mech opmierksam ginn, well ech eigentlech dem Igel säi Fudder gefrupst hunn. ;-)

Si huet dunn mol iwwerall ronderëm gefrot, mee keen huet mech kannt. D’Madamm huet sech du gesot dass mir misst gehollef ginn, well esou lous ass et kal an naass dobausse ginn. Ech hu mech awer net upake gelooss an hunn direkt Flucht ergraff wann ech ee gesinn hunn.

D'Madamm ass dunn op Sich gaangen no Hëllef. Aner Leit hunn  iwwer Internet gefrot op ee mech kenne géif. Iergendeen huet hinnen de Rot gi mech mat enger Fal ze fänken, si hunn bei enger grousser Déiereschutzorganisatioun aus der Stad  em Hëllef gefrot. “Mir hu keng Fal, a kennen iech net Hëllefen, mellt en bei der Police.” domat war dat Thema fir si erleedegt. D‘Police dierf awer just aktiv ginn wa Mënsch oder Déier a Gefor sinn, wat hei net de Fall war.Ech si jo net béisaarteg an ech si quiitsch fiddel ob menge Strummtier. Eng aner Organisatioun deenen hier Fal ausgeléint war, huet hinnen den Tipp gi mol zu Diddeleng am Déierenasyl nozefroen.

Déi Diddelenger Equipe ass dunn mat hirer Fal op den Cents komm an huet se op meng Fudderplatz gestallt. Eng Kamera gouf och installéiert, si wollte jo gesinn op ech wierklech bei d‘Fal géif goen. Ech hunn mech vun deem komesche Käfeg net irritéiere gelooss a si mir déi gutt Saachen an de Käfeg siche gaangen. Mëttes erëm dohin, wollt mir dat jo net entgoe loossen, mee do war esou eng komesch Plack, déi huet geklabbert wann een dowidder koum. Dat war komesch, schnell eraus. An der Nuecht sinn ech awer em dat Stéck geschlach, mee era sinn ech net gaangen, dat war mir net méi geheier.

Ech sinn awer op der Kamera gesi ginn, wat maachen??  D‘Fall gouf gespaant, et war näischt ze verléieren. De ganzen Dag hunn ech mech net blécke gelooss, ech war awer esou hongereg, wei et däischter ginn ass, hunn ech et net méi ausgehale vun Honger a sinn erëm dohi gaangen.

Ech hunn all mäin Courage zesumme geholl a sinn an de Käfeg bei déi komesch Plack gaangen, Zack war d’Entrée zou. OH wat war ech rosen. Kuerz drop ass d‘Madame aus der Residenze kucke komm, an eng kuerz Zäitchen drop si Leit vun der Equipe vum Diddelenger Déierenasyl ukomm.

Et huet esou gereent, a mir huet dat Ganzt guer net gefall. Sou hunn ech mol gutt grommelt an hinne meng Zänn gewisen. Ech si mat der Fal an den d‘Camionette gesat ginn, do war et wéinstens dréchen, a schonn ass et op Diddeleng gaangen. Do ukomm hunn si mech bei enger Cage erausgelooss, e gudde waarme Kuerf stoung schonn do, ech krut direkt eppes Guddes ze frupsen dohi gestallt an ech gouf a Rou gelooss. Et ass hinne jo och näischt anescht iwwerreech bliwwen, ech war ëmmer nach ongenéissbar. Déi nächst Deeg hunn ech mech als e bësschen ängschtlech awer mënschebezunn a verschmuust ze erkenne ginn.

Leider hat ech keen Chip an och iwwer den Internet konnt mäi Besëtzer net fonnt ginn, mee mech huet net laang am Asyl gehalen. En eeleren Här, dee scho länger op en Mupp wei mech gewaart huet, ass mech siche komm. Bei him geet et mir Lo richteg gutt.

Vun Hei aus e riseg grousse Merci un all déi Leit deenen ech net egal war an déi mir zu mengem neien Doheem verhollef hunn.