Scheckiwwerreechung am Déierenasyl vun der Déierenphysio Colling

Enn 2015 huet DéierenPhysio Colling während engem Mount 50% vun all Eischtbehandlung un d' Diddelenger Déierenasyl gespend.

Enn 2015 huet  DéierenPhysio Colling während engem Mount 50% vun all Eischtbehandlung un d'regionaalt Diddelenger Déierenasyl gespend. Bei dëser Aktioun zu Gonschte vun de verloossene Muppen a Kaze si beachtlech 485 € zesummekomm. 

Dësen Don gouf e Samschdeg, den 19. März vu Michelle a Carole Colling no engem klenge Rondgang duerch de  regionalen Déierenasyl-Diddeleng  iwwerreecht.

Villmools Merci am Numm vun eise 4beenege Schützlingen!

 

DéierenPhysio Colling

Praxis fir Physiotherapie, Osteopathie an Akupunktur fir Päerd an Hënn

37, Leebierg L-5359 Schuttrange

691 62 82 52 / 26 00 84 60