En Don fir de Regionalen Déierenasyl Diddeleng vun der T3CM1 aus dem LNBD

Kierzlech hunn eng Grupp Schüler aus dem LNB zesumme mat hirem Régent dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng en Don iwwerreecht.

 An engem Klasseprojet  haten déi jonk Leit mat vill Engagement e "Fundraising" organiséiert an déi gesammelt Spenden goufen op  verschidden Organisatiounen verdeelt. D'Equipe aus dem Regionalen Déierenasyl an hir 4beeneg Frënn soe villmools MERCI  fir dee generéise Geste.