EIS VOLONTAIREN

De Regionalen Diddelenger Déierenasyl kéint net funktionéieren ouni dass hien op „zwee Been“ steet.

Dat „een Been“ ass eis Profiequipe an dat „anert Been“ ass eis Volontairsequipe.

Am Moment si mir zu 29 Volontairen déi, zesumme mat eise „Profien“ den Déierenasyl „um lafen“ halen.

Wéi eis Profien mussen och eis Volontairen all Dag vum Joer präsent sinn fir no de Kazen a Muppen ze kucken, si ze versuergen, ze fleegen, ze fidderen a fir si do ze sinn.

D’Volontairen déi, no engem Plang ofwiesselnd am Asyl präsent sinn, fänken hier „Schicht“ géint 16h30 un. Eis Pensionnaire ginn da gefiddert, kréien hier Medikamenter a ginn och soss jee no Besoin versuergt. Ab 17h30 ass den Asyl fir de Publique op, da këmmert déi ganz Equipe sech em d’Vermëttlungen, de Verkaf am Shop, d‘Leit déi Froen zum Déiereschutz hunn an de Moment ginn och Déieren déi net méi kenne vun de Leit gehale ginn no Méiglechkeet bei eis opgeholl.

Um 19h00 maach mir eis Diere fir de Publique erëm zou awer domadder ass dann d’Aarbecht nach net gemaach. Elo ginn eis Muppen a Kazen fir d’Nuecht an hier Zëmmeren a Cage bruecht an den administrativen Deel vun den Ofleef am Asyl muss nach erleedegt ginn. Fir dass all Member vun der Equipe zu all Moment am Bild ass wéi eng Kazen a Muppen am Asyl sinn, wéi e Fudder a wat fir Medikamenter a Fleeg si musse kréien gëtt all Owend e „compte rendu“ an eisem „Sheltermanager“ geschriwwen.

Hei en Iwwerbléck „mat wiem dir et ze doe kritt“ wann dir bei eis an den Asyl kommt:

  • Den Alex steet dem Asyl zur Verfügung wa säin Aarbechtsplang dat zouléisst;

  • D’Amélie ass Méindes fir eis Muppen zoustänneg;

  • D’Anne hëlleft all zweete Freideg a Samschdeg bei der Muppenequipe;

  • D’Bibiche leet Méindes eis Muppen an d’Bett ;-)

  • D’Carole C. këmmert sech Sonndes (do ass den Asyl fir de Publique zou) ëm d’Kazen;

  • Wann d’Carole C. net do ass, dann ersetzt d’Christina hat bei de Kazen;

  • D’Carole L. studéiert am Moment am Ausland an ass dofir an enger „Auszäit“;

  • De Claude suergt fir de Chaos an der Uerdnung vum Asyl ;-)

  • Den Eric ass en ale „Profi“ vum Asyl an hëlleft eis bei gréissere n Eventer;

  • D’Françoise ass Mëttwochs, wa säi Schichtplang et zouléisst, bei de Muppe präsent;

  • De Gaston „assistéiert“ dem Carole C. Sonndes bei de Kazen ;

  • De Gerd ass eise Mëttwochs-Kaazeflüsterer ;-)

  • D’Janine ass ganz interesséiert un der Kazepsychologie a schafft mat eise „Problemmiezen“;

  • De Jean-Pierre verbréngt Donneschdes en Deel vu senger Fräizäit bei eise Kazen;

  • D’Jessica ass Samschdes bei de Kaze präsent;

  • Dem Karima geet seng Aufgab als Profi net duer ;-) dofir hëlleft hat Mëttwochs nach bei de Miezen;

  • Wann d’Laetitia net grad duerch d’Weltgeschicht reest dann ass hat Samschdes fir eis Kazen zoustänneg;

  • D’Laurence studéiert am Moment, hat ass awer esou oft wéi méiglech Dënschdes bei de Muppen;

  • D’Lynn suergt Dënschdes dofir dass et bei de Muppe „leeft“;

  • Ouni d’Maiti ass et Méindes a Freides „enk“ bei de Kazen;

  • Keng Entscheedung bei de Muppen ouni dass d’Marie-Paule säin Ok get ;-)

  • Dem Michèle säi fachleche Rot huet eis schonn oft immens weider gehollef;

  • Mëttwochs musst dir bei de Muppe mam Monique eens ginn ;-)

  • D’Nathalie ass Dënschdes fir d’Kazen do an dat scho säit ville Joren;

  • E Samschdes bei de Muppen ouni d’Nicky ass bal net denkbar ;-)

  • De Paul huet déi „schwéier“ Aufgab daat ofiziellt „Gesiicht“ vum Asyl ze sin ;-)

  • De Raph ass als Profi och net „ausgelaascht“ an hëlleft dofir Donneschdes nach bei de Muppen ;-)

  • Ouni dem René seng onkomplizéiert Hëllef wäre mir oft ganz schlecht drun;

  • Eis Kazen an den Asyl iwwerhaapt ouni d’Sabine, ONMÉIGLECH !!! ;-)

  • Eis Muppe freeën sech all Donneschdeg op d’Präsenz vum Sarah ;-)

  • D'Stella huet eis Muppe Freides fest am Grëff ;-)

  • Mëttwochs a Samschdes ginn eis Miezen vum Tarziana versuergt;

  • Donneschdes ass d’Véronique fir eis Kazen do.

Jidder Eenzelen vun Iech e RISE GROUSSE MERCI