EIS PROFIEN

An eisem Regionalen Déierenasyl zu Diddeleng hu mir siwe Leit déi fest ugestallt sinn, eis Profi Equipe.

Si suergen all Moies an Nomëttes dofir dass et eise Pensionnaire gutt geet, hier Wunnraim propper sinn, si gefiddert ginn, déi néideg Medikamenter kréien an och soss ëmsuergt sinn.

Dës Aufgab muss all Dag vum Joer ausgefouert ginn, dofir schaffen eis Leit no engem Schichtplang.

 

Véier vun Hinnen si fest bei de Muppen oder Kazen am Asaz, déi dräi Aner hëllefen am Noutfall do aus, hunn awer zesumme mat de verantwortleche Fräiwëllegen virun allem administrativ Aufgaben.

Et muss ee bedenken, fir dass et eisen Déiere gutt geet, ganz vill Aarbecht „am Hannergrond“ muss gemaach ginn, hei e klengen Abléck:

  • Deeglechen Entretien vun de Raimlechkeeten

  • Deeglechen Entretien vun den Ausleef

  • Mat den Honn a Kaze bei den Dokter fueren an se erëm dohinner siche goen

  • Medikamenter besuergen

  • Fudder bestellen

  • Litière bestellen

  • Material (a)raumen

  • Präisser ufroen

  • Pabeiere vun den Déiere fäerdeg maachen respektiv „up to date“ halen

  • Remerciementer, Flyeren a soss Courrier fäerdeg maachen a verschécken

  • Aarbechtsmaterial an Aarbechtsgeschir a Stand halen

  • Reparaturaarbechten um Gebai

  • Entretien vun den Ausleef

  • Entretien vun den Alentouren

  • De Shop geréieren

  • Den Triage fir de Second-Hand Shop maachen

  • Suivi vun de Bestellungen

  • Kontrolle bei Meldungen iwwert net aartgerecht Déierenhaltung

  • ……

Hei dann eis Profien mat hire spezifeschen Aufgaben:

  • De Ben ass Déierefleeger a suergt den Dag iwwer fir eis Muppen a Kazen.

  • De Mussie ass Déierefleeger a suergt den Dag iwwer fir eis Muppen a Kazen.

  • D’Karima ass Déierefleeger a suergt den Dag iwwer fir eis Muppen a Kazen, hat ass och nach „ausserhalb“ vu senge Schichten als Fräiwëllegen am Asyl täteg.

  • De Solomon ass Déierefleeger a suergt den Dag iwwer fir eis Muppen a Kazen.

  • D’Christelle ass Déierefleeger an Equippechef, ersetzt den Oli als Responsabelen Back Office, ass fir eis Profi Equipe zoustänneg (Aarbechtsplang, Congé, Roudeeg…..), hëlleft am Sekretariat, organiséiert déi intern Manifestatiounen an ass Member vum Direktiounscomité.

  • De Raph ass Déierefleeger an Equippechef, bekëmmert sech em Kontrollen a Plainten, betreit de Shop, geréiert de Stock zesumme mam Oli, organiséiert d’Animatioun op eisen ëffentleche Veranstaltungen an ass Member vum Direktiounscomité hien ass och nach „ausserhalb“ vu senge Schichten als Fräiwëllegen am Asyl täteg.

  • Den Oli ass Responsabel Back Office, zoustänneg fir d’Bestellungen, d’Organisatioun vun den ëffentleche Veranstaltungen, koordinéiert d’Rendezvous’en bei den Déierendokteren, mécht de Planning fir déi ganz Profiequipe, mécht d’Saisie vun allem néidegen um PC zesumme mam Christelle a Raph a léist all „dréngende“ Problem esou gutt wéi nëmme méiglech.

Jiddereen Eenzele vun der Profiequipe ass ëmmer do wann een ee brauch fir ze Hëllefen oder anzesprangen, och ausserhalb vun hirer „normaler“ Aarbechtszäit.

Dofir op dëser Plaz e grousse MERCI ;-)