Adoptiounsprozedur

Adoptiounsprozedur fir Honn

 

Wann dir Iech fir e Mupp aus eisem Asyl intresséiert da musst dir Iech bei eis am Asyl presentéieren.

 

Vun engem Member vun eiser Equipe ginn Iech da Froen zu ärer Erfarung (oder och Net-Erfarung) mat Honn gestallt, fir festzestellen ob de Wonsch-Mupp och zu Iech an ärer Liewenssituatioun passt.

 

No deem Aféierungsgespréich gitt dir dann dem Mupp deen ärer an eiser Meenung no zu Iech passt virgestallt. Wann dëst éischt Zesummentreffen positiv verleeft da ginn är perséinlech Donnéeën mat Hëllef vun ärer Identitéitskaart opgeholl an dir kënnt dann en Tour duerch de Parc Lé'h mam Mupp spadséiere goen (bei verschidde Muppen ass dëst méi schwiereg an ee vun eiser Equipe geet mat Iech). Wann dir vum Spadséiertour erëm sidd an alles huet gutt Geklappt, fëlle mir mat Iech e Froebou aus wou mir är perséinlech Donnéeën an d’Äntwerten zu ärer Liewenssituatioun schrëftlech festgehalen.

 

Wann dir oder mir eis net Sécher sinn ob de Mupp mat Iech Zuwee kënnt, besteet d’Méiglechkeet dass dir e puer Mol an den Asyl kommt an dann nach emol en Trëppeltour am Parc Lé'h mat him ënnerhuelt.

 

MIR WEISEN HEI DOROBBER HIN DASS MIR KENG RESERVATIOUN, WEDER VUN HONN NACH VU KAZE MAACHEN !!!

 

Nodeems de Froebou ausgefëllt ass, a wa soss keng Contrainte sinn, da kënnt an anere Member vun eiser Equipe bei Iech Doheem laanscht a „kontrolléiert“ ob d’Situatioun am neien Doheem vum Mupp och deem entsprécht wat dir mat eis ausgemaach hutt.

 

Wa bei der Virkontroll alles an der Réi ass da kennt dir an den Asyl kommen an en Adoptiounskontrakt tëschent Iech an eis ënnerschreiwen, dee Moment kënnt dir de Mupp och mat a säin neit Doheem huelen.

 

Am Adoptiounskontrakt ass eng Proufzäit vun 10 Schaffdeeg virgesinn. Hutt dir Iech an dësen 10 Deeg esou unenee gewinnt dass dir net méi openee verzichte wëllt da musst dir nach eng kéier an den Asyl kommen, wou mir d’Adoptioun ofschléissen an dir och musst d’Adoptiounstaxe vun 350.-€ fir de Mupp bezuelen (V-pay oder Cash respektiv eng Quittung vun engem Virement presentéieren).

 

Och no der Adoptioun steet déi ganz Equipe vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl iech mat sengem Wësse gären zur Verfügung.

 

Wann, och Joren no der Adoptioun vun engem vun eisen Déieren aus dem Asyl, sech är Liewenssituatioun esou dramatesch sollt änneren dass dir dem Mupp oder der Kaz keen Doheem méi kennt ginn, MUSS dir d’Déier ënnert allen Ëmstänn ERËM AM ASYL bei eis OFGINN esou wéi dat vun Iech am Adoptiounskontrakt ënnerschriwwe ginn ass!!