"E grousse Baby, sou soen se ëmmer zu mir. Mee ech sinn alles anescht wei en Baby mat mengen 30 Kilo. Meng schlecht Haltung an der Jugend hunn kierperlech wei och séileg Spuren hannerlooss.
Nodeems déi kierperlech duerch e puer Operatiounen zum gréissten Deel behuewe sinn, wäert ech awer un deenen aneren e Liewe laang ze knabbelen hunn. An Tëschenzäit hunn ech duerch positiv Verstäerkung scho vill geleiert mee ech brauch nach Übung a muppenerfuere Leit. Ech sichen e neit Doheem bei muppenerfuere Léit. Leider geroden ech nach emmer extrem a Stress wann et hescht mat der Lengt spadseieren goen, dofir ass et wichteg dass ech a mengem neien Doheem en emzäumtenen Gaart hunn.
Kleng Kanner sollten net a mengem neien Doheem sinn."