Leider verdréit den Teddy sech net mat dem Havaneser (9 Joer) an Situatioun gëtt riskant fir di 2 kleng Kanner am Stot, doduerch musse mer leider en neit Doheem fir den Teddy sichen.
Vum Alter an der Race hier ass hien e léiwe sympatheschen a verschmuusten, awer äerdechen Jungspunt. Hien ass gesond a monter a wëll schnell an säin "fir-ëmmer-Doheem", wou hien idealerweis eleng als Hausdéier ass, a keng kleng Kanner wunnen.
Gesicht ginn aktiv Leit déi sech Zäit gingen huele fir dem Teddy ob positiv Manéier nach vill bäi ze bréngen an hien mat interaktiven Beschäftegungen wi Dummy oder Nuesenarbecht (zum Beispill) auslaaschten.
Bei Interesse mellt Iech ënnert der Mailadress: noesenp@gmail.com
De Lucky sicht drengend en neit Doheem. An engem enken Appartement mat engem klengen Kand vun 9 Méint, wou den Lucky ganz nervös drob reagéiert, as eng onméigelech Situation entstan.
De Lucky as e gudde Mupp fir an eng Famill déi aktiv as, sech mat Hënn, déi ganz sensibel sin a Beschützerinstinkt hun, auskennt a wou Kanner ab 4 Joer sin, déi den Hond mat Respekt behandelen. Doheem as hien generell roueg, brauch eng Platz wou hien sech zereck zéie kann. Mat friemen Leid as hien am Ufank onsecher, kann dat och mol mat grommelen weisen. Wann hien bis seng Leid richteg kennt as hien en treie Begleeder deen seng Famill beschützt.
Ween Interesse huet an dem Lucky en Chance wëll gin, kann sech mellen bei der Tel. Nummer : 691 949 682
Moien ech sinn d'Tequila, ee Malinois-Weibchen vun 3 Joer. Ech si verspillt, brauch vill Bewegung an eng konsequent Erzéiung. Mat Leit, déi ech net kennen oder mat Besuch, sinn ech e bësse speziell awer mat der néideger Erzéiung an engem positiven Training wäert ech dat scho léieren. Un sech sinn ech nämlech ee léiwen Hond.
NIna cherche encore une famille. Actuellement elle ne se trouve pas chez nous à l'asile.
NUméro de contact: 621354233