Digicash QR Code

30/04/2020

Wéinst der COVID-19 Situatioun konnte mer lëschten Weekend eist Freijorsfest mat der Porte-ouverte leider net stattfannen loossen.
Esou Fester sinn ëmmer erëm flott Geleegenheeten de Visiteuren d'Asyl, den alldeeglechen Oflaaf an natierlech eis Muppen a Katzen ze presentéieren. Natierlech ass et awer och eng Geleegenheet eis Kees duerch d'Recetten an d'Spenden vun deem Dag e bëssen opzebesseren. D'Asyl brauch ongeféier 400.000€ d'Joër fir kënnen ze fonktionnéieren an ass dowéinster op all Don ugewisen. Seit kuerzem hu mer och d'Méiglechkeeten ganz einfach an ouni groussen Opwand Don'en iwwer Digicash eranzekréien.  
Mir hoffen dass mer am Hierscht d'Meiglechkeet awer nees kréien iech all op onsem Hierschtfest ze begréissen. 
Bléift nach all gesond a villmools Merci fir all Ennerstëtzung!