Äddi Morphi

05/07/2020

Äddi Morphi

E Freiden hues du leider de Kampf géint de Kriibs verluer a mir hunn dech missen iwwert d’Reebouhbréck goen loossen. Laang hues de et gepackt an hues der net vill umierken gelooss. Deng zréckhalent Aart a Weis an deng extrem Sensibilitéit huet een faszinéiert. Du has e ganz speziellt Menschengespier mee wanns de een bis an däin Häerz geschloss has, da waars de eng richteg Schmierpaan. De Miro war däin liewenslaangen Muppenfrënd. Dir waart en agespilltent Team. Spéider koum Dora nach mat derbäi an d'Trio war komplett. Virun e bëssen méi wéi 11 Joer koums de zesummen mam Miro bei eis an Déierenasyl. Ursprénglech koum der vun der Teneriffa mee hei zu Lëtzebuerg hat leider ni d’Chance kritt, e Liewen an enger Famill, ausserhalb vum Déierasyl ze genéissen. Aus wéiengen Grënn och ëmmer… De Miro, d'Dora an d'Déierenasyl waren däin Doheem. Du has hei deng Routinnen an hues zesummen mat dengen Frënn, ëmmer erëm gutt opgepasst dass keen Friemen ze no op den Terrain kennt.

Morphi mir Alleguerten wärten dech vermëssen. Du waars immens tapfer mee de Kriibs war leider schlussendlech méi staark ewéis du. Pass gutt vun do uewen op all deng Muppefrënn op. Mach et gutt Morphi!