Äddi Splash
02/11/2022
Léiwe Splash, Lo ass de Moment komm, wou mir dir mussen Äddi soen… Obwuel mer eis opgrond vun denger gesondheetlech leider ganz onstabiler Situatioun bewosst waren, dass dësen Dag fréier oder spéider komme wäert, ass et elo onerwaart a virun allem ganz schnell gaangen. Du hues awer ee richteg schéinen Alter erreecht, virun allem wann ee bedenkt wat s du schonn alles an dengem Liewe mattgemaach hues... Du has keen einfacht Muppeliewen, dat...
Bichermaart de 19. & 20.11.2022 vu 14 bis 18 Auer
20/10/2022
BICHERMAART de 19. & 20.11.2022 vu 14h00 bis 18h00 Auer am Regionalen Déierenasyl zu Diddeleng, 45 rue de la Forêt Well op onsem Hierschtfest d‘Bicher dëst Joer e bëssen ze kuerz komm sinn, maache mir elo de 19. an 20. November en exklusive BICHERMAART mat Kaffi a Kuch  --> Vill Bicher zu villen Themen --> Kaffi & Kuch --> Den Asyl ass trotz Chantiersaarbechten zu Fouss ze erreechen  --> Parkméiglechkeeten...
Kalenner fir 2023
07/10/2022
Eise Kalenner fir 2023 ass do! Dëst Joer kommen déi schéi Biller op onsem Kalenner 2023 vum der Dagesstruktur vun der APEMH. Hinnen e ganz grousse MERCI! D’Fotoe vun onse Muppen si vum Luisa Maria Stagno, vun onse Kazen vum André Faria Jorge. De Kalenner kritt dir bei eis am Asyl ze kafen. Den Déierekalenner kann och per Mail op info@asile.lu bestallt ginn, respektiv duerch d‘Iwwerweise vu 20,00 € (15.-€ Kalenner & 5,-€...
Hierschtfest den 02.10.2022 vun 11 bis 17 Auer
02/10/2022
Porte-ouverte 2022
02/06/2022
Bei schéinem Wieder an entlech rem ouni Corona Restriktiounen, huet et ons immens gefreet, dass sou vill Leit de Wee ob eis Porte-ouverte vum 22. Mee 2022 font haaten.    MERCI fir Äere Ënnerstëtzung duerch äeren Besuch, äer Sach-  a Geldspenden.   Team vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng 
Porte-Ouverte den 22.05.2022 vun 11:30 bis 17 Auer
22/05/2022
Porte Ouverte am Regionalen Déierenasyl Diddeleng, den 22. Mee 2022 vun 11h30 bis 17h00  Visitt vum Asyl  Eppes Guddes vum Grill (och vegetaresch)  Second-Hand Shop Kal Cocktaile fir de Summer ze begréissen  Mir freen eis op Iech   
E klengt Chrëschtdagswonner
24/12/2021
Dir wäert et kaum gleewen, awer nee, dës Kéier mellen ech mech net aus dem Asyl… Ech melle mech aus mengem eegenen Doheem ! Jo, Dir hutt richteg gelies! Ech, d’Skippy, sinn elo no iwwer 10 Joer am Asyl am Alter vu stolzen 13 Joer adoptéiert ginn an hunn dierfte kuerz virum 2. Advent a mäi neit Doheem eraplënneren. Dëst war natierlech fir jiddereen immens opreegend… Fir mech, awer och fir d’Zweebeener...
Carte de membre 2022
22/12/2021
Un don de la part d'ANIMAGICK
18/12/2021
Un grand MERCI à Magalie et Anick de ANIMAGICK qui ont collecté, lors de leur action de Noël , une somme de 410,- Euro en faveur de nos protégés chiens et chats.
Fressnapf - Chrëschtaktioun
29/11/2021
Tierheimwünsche werden wahr im Fressnapf Howald Och dëst Joer ënnerstëtzt de FRESSNAPF vum Howald mat hirer Chrëschtdagsaktioun de Regionalen Déierenasyl Diddeleng. Um Wonschchrëschtbeemchen, am Agang vum Buttik, hänke lauter kleng Käertercher mat ville flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen. Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déiere maache wëllt an déi dann och direkt am Fressnapf...