Carte de membre 2022
22/12/2021
Un don de la part d'ANIMAGICK
18/12/2021
Un grand MERCI à Magalie et Anick de ANIMAGICK qui ont collecté, lors de leur action de Noël , une somme de 410,- Euro en faveur de nos protégés chiens et chats.
Hierschtfest 2021
08/10/2021
Eist Hierschtfest war ee richtegen Erfolleg no der laanger Corona-Zwangspaus. Merci, dass esou vill Leit trotz deem schlechte Wieder awer de Wee bei eis op d'Hierschtfest fonnt haten. Eis Muppen a Kazen hunn sech gefreet!
Hierschtfest den 03.10.2021
26/09/2021
Endlech ass et nees esou wäit! No enger laanger, coronabedéngter Paus, si mir frou Iech matzedeelen, dass den 03.10.2021 eist Hierschtfest am regionalen Asyl zu Diddeleng stattfënnt. Mir freeën eis Iech erëmzegesinn!
Léiwe Miro
10/07/2021
Léiwen Miro, Elo hu mir dir och missen Äddi soen. Nodeems deng Muppekolleegen Morphy an Dora eis déi lescht Méint och hunn missen verloossen, ass dann och elo deng Zäit komm. Et ass immens schnell gang, mir sinn frou dass de net all ze laang dech hues missen quälen mat sëllegen Medikamenter. Och bei dir huet de Kriibs leider de Kampf gewonnen. An deenen leschten Méint bass du reegelméisseg vum Lena an d’Physiotherapie op...
Run free Dora...
03/05/2021
Léift Dora. Du waars ni begeeschtert fir raus trëppelen ze goen, du hues et virgezunn däin Dag an der Wiss am Asyl ze verbréngen. Gëschter hues du dann awer missen deng lëscht Rees untrieden an hues d'Asyl fir ëmmer verlooss. Bal 13 Joer laang waars de bei eis. Du has leider ni d'Chance kritt e Liewen ausserhalb vum Asyl kennen ze genéissen. Du waars eigentlech esou wéi eisen "Asylsmupp" an et wäert och elo hei net...
Eine kleine, wahre Weihnachtsgeschichte... Alles Guddes, Pluto!
17/12/2020
Hallo...
Äddi Morphi
05/07/2020
Äddi Morphi E Freiden hues du leider de Kampf géint de Kriibs verluer a mir hunn dech missen iwwert d’Reebouhbréck goen loossen. Laang hues de et gepackt an hues der net vill umierken gelooss. Deng zréckhalent Aart a Weis an deng extrem Sensibilitéit huet een faszinéiert. Du has e ganz speziellt Menschengespier mee wanns de een bis an däin Häerz geschloss has, da waars de eng richteg Schmierpaan. De Miro...
Opgepasst! Attention!
08/05/2020
OPGEPASST! Eist Asyl ass nëmmen op Rendez-vous op, Mir bieden Iech also drëms ee Rendez-vous iwwert Mail info@asile.lu unzefroen. ATTENTION! Notre asile est uniquement ouvert sur rendez-vous. Nous vous prions donc de bien vouloir prendre un rendez-vous par mail info@asile.lu.
Digicash QR Code
30/04/2020
Wéinst der COVID-19 Situatioun konnte mer lëschten Weekend eist Freijorsfest mat der Porte-ouverte leider net stattfannen loossen. Esou Fester sinn ëmmer erëm flott Geleegenheeten de Visiteuren d'Asyl, den alldeeglechen Oflaaf an natierlech eis Muppen a Katzen ze presentéieren. Natierlech ass et awer och eng Geleegenheet eis Kees duerch d'Recetten an d'Spenden vun deem Dag e bëssen opzebesseren. D'Asyl brauch ongeféier 400.000€...