Hall of Fame: Les animaux qui ont marqué l'histoire de l'asile pour animaux

PAXO - l'enfant terrible

Wéi de Paxo 2013 an de Déierenasyl koum,  hat hie schonns relativ eescht Häerzproblemer. Et huet awer keen och nëmmen ee Moment doru geduecht, datt de Paxo eis esou séier verloosse géif, well hien ëmmer e ganz aktive Mupp war .

Wahrscheinlech huet dee klenge Männchen sech ze vill iwwerholl an du huet säin Häerz komplett versot.

Och wann de Paxo ganz speziell a sengem Behuele war, si mer all immens traureg, datt hien elo net méi do ass. Mir wäerten hien ëmmer an eisen Häerzer behalen.

De Paxo ass de 5. November  2014  iwwert d'Reeboubréck an de Muppenhimmel gaang.