Dir wëllt e Mupp adoptéieren? Hei erkläre mir, wéi dat am Diddelenger Déierenasyl ofleeft.
Kontaktéiert eis am Beschte per E-Mail fir ee Rendez-vous mat eis auszemaachen.
-Dir kritt ee kuerze Froebou geschéckt fir dass mir kënne kucken wéieen Hond am Beschten zu Ärer aktueller Situatioun passt
- Kommt op den ausgemaachte Rendez-vous. E Member vun eiser Equipe schwätzt mat Iech, fir Är Erfarung mat Hënn an Är Liewenssituatioun besser ze verstoen a kënnen anzeschätzen
- Dir léiert den Hond kennen a kënnt och zesumme mat engem Mataarbechter aus eiser Equipe een Tour duerch d'Léih spazéiere goen.
- Je no Hond dauert et méi oder manner laang fir eng Bindung zum Hond opzebauen a säi Vertrauen ze gewannen. Hei huele mir eis Zäit fir dass Dir den Hond besser kënnt kenneléieren an den Hond och Iech ka kenneléieren. Dëst ass wichteg fir dass mir dee nächste Schratt an der Adoptiounsprozedur kënne maachen.
- Soubal dëst alles klappt, fëlle mir zesummen e Formulaire aus a plangen eng Visitt bei Iech doheem, fir ze kucken ob alles de Besoinen vum Hond entsprécht. Duerno kommt dir nach eng Kéier an den Asyl fir de Kontrakt z’ënnerschreiwen – an äre neie Begleeder mat Heem ze huelen
Et gëtt eng Proufzäit vun ongeféier 10 Deeg , fir sécherzestellen datt d’Zesummeliewe gutt funktionéiert. All eis Déieren déi zur Adoptioun fräi stinn, si kastréirt, geimpft a gechipt.
Fir méi Informatiounen, schreift eis op : info@asile.lu
---------------------------------------------------
Vous souhaitez adopter un chien ? Voici comment cela se passe à l'Asile pour Animaux Régional-Dudelange.
Le mieux est de nous contacter par e-mail pour fixer un rendez-vous avec nous.
- Vous recevrez alors un petit questionnaire afin que nous puissions voir quel chien conviendrait le mieux à votre situation actuelle.
- Vous venez au rendez-vous convenu. Un membre de notre équipe discutera avec vous pour mieux comprendre votre expérience avec les chiens ainsi que votre situation de vie.
- Vous ferez connaissance avec le chien et pourrez faire une promenade avec lui accompagné d’un membre de notre équipe.
- Selon le chien, il faudra plus ou moins de temps pour créer un lien et gagner sa confiance. Nous prenons le temps nécessaire pour que vous puissiez bien apprendre à connaître le chien – et que le chien puisse aussi vous découvrir. Cela est essentiel avant de passer à l’étape suivante de la procédure d’adoption.
- Une fois que tout se passe bien, nous remplirons ensemble un formulaire et planifierons une visite à votre domicile afin de vérifier si l’environnement correspond aux besoins du chien.
- Ensuite, vous reviendrez au refuge pour signer le contrat – et accueillir votre nouveau compagnon chez vous .
Une période d’essai d’environ 10 jours est prévue pour s’assurer que la cohabitation se passe bien. Tous nos animaux disponibles à l’adoption sont stérilisés, vaccinés et identifiés par puce électronique.
Pour plus d’informations, contactez-nous par mail à : info@asile.lu