SHOP & SECONDHAND SHOP: Wat gëtt et Neies - Nouveautés - Neu - New!

18/11/2016

De SHOP a SECONDHAND SHOP am Regionalen Déierenasyl -Diddeleng präsentéiert sech an engem neie Kader  an ass vu Méindes bis Samschdes vu 17.30 -19 Auer op.

Braucht Dir nach Accessoire fir Äre Mupp oder Är Kaz : Kierf, Lengten, Fudderschosselen, Transportkierf, Spillsaachen a villes méi fannt Dir an eisem SECONDHAND SHOP fir Mupp a Miessi. 

E Krëschtdagkado mat deem Dir  Freed maacht  a gläichzäiteg eis verloossen Déieren net vergiesst:

An eisem SHOP fannt Dir Traditionnelles an Originelles an all Präiskategorie (vun 3 -70 €)

Jacketten, Kuscheldecken, Polo Shirter, T-Shirter, Blusen an Hiemer,Tasen, Bicher iwwert aartgerecht Déierenhaltung a fair Problemléisungen bei onerwënschtem Verhalen,  Sëcherheetsweste fir de Mupp a fir seng Leit, "Morfen", Schlësselunhänger mam Logo vum Déierenasyl, hausgemaachte Gebeess an nach esou muench aner Kadosiddi, net ze vergiessen eisen:

                    Déierekalenner fir 2017

an Zesummenaarbecht mat de Schüler aus dem LMRL