De Grousse Bazar e Sonndeg, den 1. Oktober 2017 an der Maison Syndicale zu Diddeleng war nees e groussen Erfolleg

05/10/2017

E grousse Merci un all eis Benevolen, déi bei der Organisatioun gehollef hunn an natierlech un all déi Déierefrënn, déi eis Manifestatioun besicht an eis verloosse Muppen a Kazen ënnerstëtzt hunn.

Net ze vergiessen eis Sponsoren, déi wéi all Joers zum grousse Succès vun eiser Tombola bäigedroen hunn, genauso wéi déi Leit, déi de Bazar net besiche konnten an duerch e generéisen Don op eise Konto CCPLLULL LU52 1111 0026 3011 0000 un eis Déiere geduecht hunn.