Et gëtt alles Gutt...

11/11/2018

Ganz esou einfach ass a war et awer net, jo ech sinn elo mol a Sécherheet an ech kréien och reegelméisseg ze frupsen awer...

Hei meng Geschicht esou wäit ech se erziele wëll ;-)

Ech sinn a Rumänien Gebuer, do hunn ech bis 2015 gelieft. Iwwer déi Zäit wëll ech awer näischt wieder erzielen, nëmmen esou vill: ech sinn 2012 op der Strooss op d‘Welt komm, an hunn och do eng Zäit laang gelieft, ouni dass iergend ee mir meng „Béchsen“ opgemaach huet. Dat ass a Rumänien normal.

Iergend esou eng Organisatioun huet mech dunn agefaangen an ech sinn  op Lëtzebuerg emigréiert. Ech krut och en Numm: GEORGE. Hei hat ech e gutt Doheem, e waarmt Bett, krut meng Heemlechkeeten a reegelméisseg ze frupsen (esou e Béchsenëffner ass scho ganz praktesch J). Am Ufank waren d’Spadséiertier mat menger neier Besëtzerin nach schéi laang, ech hu mir jo emol misse meng „Fräiheet“ ofgewinnen, leider sinn déi Tier awer ëmmer méi kuerz ginn well meng Besëtzerin net méi sou gutt zu Fouss war. Ech hu meng ausgibeg Schnuppertier ëmmer méi vermësst.  

Iergendwann am September, fir genau ze sinn den 18. September, hunn ech mech zur fiichter Dier, déi oft wéinst de Miezen net ganz zou war, einfach eraus geschlach fir bëssi dobaussen ze strummen wéi an alen Zäiten. Erënnerungen vu menger Zäit ob der Strooss sinn héich komm, ech hunn et genoss fräi ze sinn, meng Tier ze dréinen. Bei villen Haiser stoung lecker Kazefudder dobaussen, wat ech mat genoss giess hunn. Do wou ech elo ronderemgestrummt sinn war keng Gefor well vill Natur do ronderëm  war a seelen en Auto komm. Noperen hunn mech all kannt an hate mech gär, mat de wëlle Miezen hunn ech mech gutt verdroen.

Iergendwou hunn ech Leit héiere ruffen, aus menger Zäit aus Rumänien wousst ech dass ech mech besser vun de Mënschen sollt ewech halen, obwuel, do war dach eng Erënnerung un en Haus wou et gutt z’iesse gouf an ech ee waarmen Eck fir ze schlofen hat.... Aus menger aler Stroossen Zäit huet mäin Instinkt mir awer ëmmer méi haart gesot: Géi net an d‘Haiser vun de Mënschen! ... sou sinn ech lues a lues erëm méi Selbststänneg ginn, sou wéi ech dat jo op de rumänesche Stroosse geléiert hat.

Ech sinn dunn mol eng 14 Deeg do ronderëm geschlach an der noer Ëmgéigend vun deem Haus. Déi aner Säit vum Hiwwel hunn ech e flott Muppenhaischen fonnt, et huet no Fuuss an no Fräiheet geroch, ideal fir mir et do gemittlech ze maachen. Eng ganz léif Madamm huet mir lecker Fudder dohi gesat, ech hunn dat Genoss. Well dat aus Mënsche Siicht awer keen Dauerzoustand konnt ginn, huet déi léif Madamm am Diddelenger Déierenasyl ugeruff.

Déi Leit si mäin Muppenhaischen kucke komm wärend ech ee vu menge „Kontrollgäng“ gemaach hunn. Am Ufank war hinnen et net ganz kloer wien sech do am Gard breet gemaach hat, mee dat war ech. Hihi...

Si hunn mir dunn mol ganz vill mega lecker Fudder dohi gesat an en neit Haischen, do war sou eng komesch Schnouer un der Dier, deem hunn ech net getraut. Et huet mech erschreckt wann ech um iesse war an si un der Schnuer un der Dier gezunn hunn. Do war mir ze vill „Gewusels“, ech hat meng Rou net méi, do wollt ech dunn net méi bleiwen! Ech si schliisslech keen domme Mupp! Sou hunn ech mir eng nei Schlofplaz am Bësch, vun de Mënschen ewech gesicht (awer net ze wäit vum gudden Iessen ;-)

Ob menge Strummtier sinn ech ëmmer erëm laanscht dat Haus komm, wat mäin fréiert doheem war, heiansdo krut ech do och alt lecker Poulet z‘iessen, mee ech hu mech net méi getraut an d’Haus eran ze goen, mäin Instinkt, dir verstitt? Upake loosse vu Mënschen war scho guer net méi meng Saach, ech hunn da gekuckt fir erëm schnell a „mäi“ Bësch ze kommen wou kee mech fonnt huet J. Well ëmmer erëm versicht gouf mech ze lackelen an och anzefänken hunn ech mech ëmmer manner blécke gelooss, a si just nach an der Nuecht kucke komm. Mat zwee Muppen, déi an der Nuecht ëmmer dobausse waren, (awer net esou „fräi“ wéi ech, hunn ech reegelméisseg eng Kosettche gehalen. Uiiihh... dat war flott... alt bëssi Sozialkontakt... mir hunn zu 3 gesongen a geschwat, mir hunn alles ginn J Nuecht fir Nuecht war ech dunn um Rendezvous. Dass emol Mënschen “matgesongen” hunn, hunn ech komesch fonnt (déi hu jo eng ganz aner Tounlag), huet mech awer net sou gestéiert.

Du koum dat Spill mat der 1.Fal, wat hunn ech dat flott fonnt ;-)

Fir d ‘Éischt ass eng Fal organiséiert ginn déi ausgesinn huet wéi eng Höhl mat engem oppenen an engem zouene Lach. An déi vermeintlecht „Höhl“ ass leckert Fudder gestallt ginn. En Fuuss huet sech et do gutt schmaache gelooss genau esou wei déi wëll Kazen, awer mech hunn si net dobanne gesinn, als Ex Stroossemupp kennt een déi Tricken do ;-). No enger Zäit huet et dunn geheescht: eng richteg „oppen“ Höhl (Muppefal) muss hier. Wärend op déi gewaart ginn ass, hunn ech ëmmer Fudder op menger Lieblingsplaz kritt, direkt vis-à-vis vum Haus, an enger Wiss wou ech vun Zäit zu Zäit eng Siesta gehalen hunn.  Nuets sinn ech dohi frupse gaangen, nodeems ech mat mengen 2 Kollegen aus der Noperschaft en Liddche gesongen hat.

Eise Gesang ass awer scheinbar net esou gutt ukomm, iergendwann hat ech d‘Police dunn do stoen. Komesch déi sinn och nëmme bis bei „d’Höhl“ gaangen an hunn sech och net an der Fal fänke gelooss ;-))))))) si hunn sech den Opbau awer ganz genau ugekuckt.

Sou sinn d‘Deeg a d‘Land gaangen de 24. Oktober war op ee mol eng nei „Höhl“ do, déi ass vun de Leit aus dem Asyl vun Diddeleng opgestallt ginn. Déi war super modern, mat Kamera, fir ze kucken op meng nei „Höhl“ mir och géif „gefalen“ an ech do era géif goen. Ech hunn mir se genau ugekuckt a war och ganz virsiichteg. Déi nei Höhl war wierklech super, mat enger Dier déi net zougefall ass wei ech vu baussen dru komm sinn. Ech hunn du Beschloss dass keng Gefor wier a mir dat gutt Iessen wat an der „oppener Höhle“ stoung gutt schmaachen ze loossen.

Jo an et huet misse kommen wei et komme sollt: deen aneren Dag war aus der „Höhl“ eng Fal ginn. Ech hat jo all „Sécherheetsiwwerpréiwung” den Dag virdru gemaach, also kee Grond nach Zäit virum Iessen ze verléieren… D‘Leit aus dem Asyl (an anscheinend och e grousse Frëndeskrees deen ech schonn an de soziale Medien hat ouni dat ze wëssen, hunn geziddert, si hate jo just ee Versuch, ech léiere jo bekanntlech super schnell a gutt ;-)

Um 21 Auer haten si mol eng Miez gefaangen, déi gouf dunn erëm „op d’Strooss“ gesat. Alles ass erëm fir mech bereet gemaach ginn an et gouf erëm gewaart. All souzen se Doheem „op Kuelen“ (deet dat net wéi?), an ech hu mir Zäit gelooss J. Um 22 Auer war et dunn geschitt, ech hunn mech iwwerrumpele gelooss a souz gefaangen an der neier „Höhl“. Grrr... war dat eekleg!

Keng 5 Minutten duerno war den Oli aus dem Asyl do, an no enger gudder hallwer Stonn 8 kräfteg Äerm déi mech mat der Höhl an den Diddelenger Déierenasyl gefouert hunn (Ech war deen 1.Mupp deen duerft mat der neier Camionnette vum Déierenasyl matfueren, déi ass „fräschegreng“…Uahh).

Ech sinn am Déierenasyl eréischt aus der Fal erausgelooss ginn, Instinktiv hunn ech mech un e frëndleche Mann gedréckt dass hien mech beschütze soll. Si hunn mir eppes z’iesse ginn (dat war lecker), mat engem Mëttel géint Zecken dran (déi houngen u mir wei Drauwen, an de léiwe Mann huet mir déi éischt direkt ewech geholl, dat huet gutt gedoen). E gutt waarmt Bett krut ech och am Bausseberäich vu mengem neie „Räich“ installéiert, ech hunn hinnen direkt gesot dass ech net dobanne wéilt schlofen. Géint Mëtternuecht hunn si mech dunn eleng gelooss mam Verspriechen den aneren Dag erëm ze kommen.

Déi nächst Deeg hunn ech gemierkt dass ech zu näischt „Forcéiert“ géif ginn an hunn ugefaangen Vertrauen zur léiwer Equipe aus dem Déierenasyl op ze bauen. Ech ginn erëm ëmmer méi zoutraulech a loosse mech elo och vu jidderengem heemelen, ech komme schmusen a fänken u mech anzeliewen. Meeeeeee ech wollt net an dat Haus eran. Dobausse war et antëschent scho kal an et huet och ugefaangen ze reenen an ze schneien. Well et der Equipe net gefall huet dass ech mech esou dobaussen ouni „Schutz“ opgehalen hunn, huet de Ben mir eng provisoresch Höhl am Auslaf gebaut. Déi ass cool, do verkrauchen ech mech ëmmer wann et mir ze kal ass an ech schlofe wëll.

Lues a lues kommen ech zou mer, kréien erëm Speck op Rëpper a ginn ëmmer méi sécher, ech sinn och scho bis an d’Haus era kucke gaangen an hunn och schonn dobanne gefrupst, ech traue mech awer nach net fir dobannen ze Schlofen, mol kucke wann et méi kal gëtt (dobannen ass et schéi waarm J).  

Meng Ex-Besëtzerin huet agesinn dass si mech net méi versuergen kann well si mengen Uspréch net méi ka gerecht ginn, d’Verantwortung ass elo bei der Equipe vum Déierenasyl. Wann ech, an e puer Wochen, mäi Vertrauen an d’Mënschen nach e wéineg méi zeréck kritt hunn, da sichen ech dann en neit Doheem mat groussem Gaart an aktive Leit déi schéin grouss Trëppeltier mat mir zesummen maachen (am Ufank awer un der Schlepplengt bis dass ech weess wiem ech mäi Vertraue ka schenken). Kaméidi mëscht mech onsécher (Kanner), mat Kazen ginn ech gutt eens, meng nei “Eltere” sollten och schonn d’Muppesprooch kennen.

Iwwregens ass et flott hei am Asyl ;-), wa mir zu puer (ech hunn nei Frënn hei fonnt, Pluto / Plato / Luna / Findus) Owes an a groussen Auslaf ginn, da “verstoppen” ech mech gären an engem Eck wou keng Luucht hi kennt a bleiwe gaaanz roueg stoen, dat ass lëschteg wann ech da gesinn wéi ech gesicht ginn a wéi frou d’Equipe dann ëmmer ass dass ech dann nach do sinn (do gëtt et dann en Extra-Leckerli a gaaaanz vill Schmuseeenheeten J.

 

Bis op Weideres mat léiwe Gréiss,

äre George