De Kannergemengerot vun Diddeleng op Besuch am Déierenasyl

E grousse Merci fir déi motivéiert jonk Leit an hiren Engagement!

Kierzlech waren déi jonk Membere vum Diddelenger Kannergemengerot zu Besuch am Regionalen Déierenasyl Diddeleng.

Déi ganz um Wuel vun den Déieren interesséiert Kanner a Jugendlecher hu während der Visite vum Asyl vill Froen iwwert de Fonctionnement vum Déierenasyl, awer och iwwert den Déiereschutz am allgemenge gestalt a waren och ganz houfreg dem Déierenasyl e Scheck vun 225€ fir déi verloosse Muppen a Kazen ze iwwerreechen. Dës Zomm haten si bei engem Kannerfloumaart duerch de Verkaf vu gebrauchte Spillsaache gesammelt.