D’GESCHECKER VUN EISER „KLENGER ENTREPRISE“

Wéi all Associatioun sou mussen och am Regionalen Diddelenger Déierenasyl d’Geschécker vun eiser „klenger Entreprise“ gelenkt ginn.

Néng Membere vum Administrtatiounsconseil hunn sech bereet erkläert fir den Direktiounscomité zesummen ze stellen.

Den Direktiounscomité entscheet iwwer all lafend „Geschäfter“ vum Regionalen Déierenasyl.

Zu den Aufgaben gehéieren ënnert Anerem zum Beispill:

  • zesumme mat der Equipe d’Entscheedungen zu den Adoptiounen huelen;

  • d’Rendezvous’en vun de Kazen a Muppe beim Veterinär geréieren;

  • de Behandlungs Plang vun den Déieren zesumme mat de Veterinären diskutéieren, zesumme stellen a kontrolléieren;

  • déi elektronesch a physesch Dossieren vun den Déiere „up to date” halen;

  • „d’Besetzung“ vum Asyl geréieren (vun der Equipe a vun de Kazen a Muppen);

  • d’Ofleef am Asyl definéieren, schrëftlech festzehalen a kontrolléieren;

  • all Zorte vun Ännerungen a Verbesserungen proposéieren, diskutéieren an zesumme mat der Equipe entscheeden;

  • Formatiounen (fir d’Equipe an de „grand publique“) organiséieren;

  • de Courrier traitéieren (Facturen, Remerciements, News, Parrainagen,….)

  • den Internetsite „up to date” halen;

  • op all Zorte vu Mailen äntweren;

  • op Reunioune mat den Autoritéiten, aneren Asbl’en a Firmen präsent sinn;

  • d’Finanze vun der Société pour la Protection des Animaux Dudelange asbl an dem Regionalen Déierenasyl geréieren;

  • d’Demande fir en Engagement als Membere vun der Equipe préiwen a Virstellungsgespréicher of halen;

  • d’Manifestatioune vum Regionalen Déierenasyl organiséieren;

  • Meldungen zu Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz préiwen an Noutfalls e Rapport schreiwen a Plainte féieren;

  • Devisen ufroen, Bestellunge maachen, suivéieren a kontrolléieren;

  • Affichen a Flyeren kreéieren, ausdrécken a verschécken;

  • Publicitéit maachen fir Fongen, Donen an d’Engagementer vum Regionalen Déierenasyl;

  • Ausschaffe vun de Pläng, dem „cahier de charge“ an allem wat soss ufält, zesumme mat dem Architekte Büro an den Autoritéite am Kontext vum Ausbau vum Regionalen Déierenasyl;

  • ….

 

Engagéiert am Direktiounscomité a mat folgenden Aufgabe betreit sinn:

  • De Paul ass President vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – hie representéiert eis Asbl bei allen offizielle Geleeënheeten an ass och zoustänneg fir d’Organisatioun vun de Visitten am Regionalen Déierenasyl, säin Engagement ass Benevole;

  • De Claude ass éischte Vizepresident vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – hien ass administrativ Responsabel fir den aktuellen, an den Ausbau vum Regionalen Déierenasyl. A senger Zoustännegkeet läit och d‘Betreiung vun der Equipe an d’Zesummenaarbecht mam Tresorier, säin Engagement ass Benevole;

  • Den Oli ass Tresorier vun der Société pour la Protection des Animaux asbl a geréiert als Member vum Direktiounscomité d’Kees vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als haaptamtleche Mataarbechter a Responsabel Back Office vertrëtt hien de President respektiv Vizepresident am „lafenden Dagesgeschäft“, hien huet den Iwwerbléck iwwert eis Finanzen an organiséiert zesumme mat eiser Sekretärin an den zwee Chef d’Equipe de Courrier.

  • D’Monique ass zweete Vizepresident a Sekretärin vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – hat bekëmmert sech em den néidege Schrëftverkéier wéi d’Rapporten, d’Communiqués de Presse, d’Remerciements, d’Invitatiounen…., d’Organisatioun vun eisen internen an exteren Formatiounen fält a seng Zoustännegkeet an hat ersetzt eis Hondsresponsabel wann dat néideg ass, säin Engagement ass Benevole;

  • D’Sabine ass Member vum Administratiounsconseil vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als Kazeresponsabel huet hatt all Hänn voll ze dinn, de Kazendeel vun eiser Publikatioun e mol an der Woch an enger Dageszeitung gëtt vun him geschriwwen, säin Engagement ass Benevole;

  • D’Marie-Paule ass Member vum Administratiounsconseil vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als Hondresponsabel mëscht hat sech vill Gedanken fir eise Muppen hir „Problemer an de Grëff“ ze kréien fir hinnen esou eng reell Chance an enger neier Famill ze ginn, de Muppendeel vun eiser Publikatioun e mol an der Woch an enger Dageszeitung gëtt vun him geschriwwen, säin Engagement ass Benevole;

  • De Raph ass Member vum Administratiounsconseil vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als Chef d’Equipe a Benevole hëlleft an ersetzt hien op alle méiglechen (an onméigleche) Positiounen, wou „de Beemchen ebe grad brennt“, d’Animatiounen op eise Manifestatioune gi vun him organiséiert an de Shop vun him geréiert;

  • D’Christelle ass Member vum Administratiounsconseil vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als Chef d’Equipe, zoustänneg fir d'Kontroll vun den Ofleef am Regionalen Déierenasyl, Responsabel fir d’Organisatioun vun all Zort vu Catering bei de Manifestatiounen an Assistentin vum Oli ass säi Schaffdag méi wéi ausgefëllt;

  • D’Laetitia ass Member vum Administratiounsconseil vun der Société pour la Protection des Animaux asbl an dem Direktiounscomité vum Regionalen Diddelenger Déierenasyl – als Kazeresponsabel adjoint steet hat dem Sabine mat senger ganzer Energie zur Säit, säin Engagement ass Benevole;

Als „Belounung“ fir eist Engagement gi mir all Kéier wou mir am Déierenasyl sinn vun eise „Pelzkanner“ ausgibeg geschmuust, méi brauch et och net ze sinn ;-)