Run free Dora...

03/05/2021

Léift Dora. Du waars ni begeeschtert fir raus trëppelen ze goen, du hues et virgezunn däin Dag an der Wiss am Asyl ze verbréngen. Gëschter hues du dann awer missen deng lëscht Rees untrieden an hues d'Asyl fir ëmmer verlooss. Bal 13 Joer laang waars de bei eis. Du has leider ni d'Chance kritt e Liewen ausserhalb vum Asyl kennen ze genéissen. Du waars eigentlech esou wéi eisen "Asylsmupp" an et wäert och elo hei net méi selwecht sinn ouni dech. Déi lëscht Joren waren net einfach fir dech mee du hues gekämpft an wollts net opginn. Du waars ewéi een "Steh-auf-Männchen", deen eis all Dag erëm op e Neits gewisen huet dass en weiderhin um Liewen well deelhuelen. Gëschter hues de Kampf dunn awer leider verluer a mir hunn dir missen Äddi soen. Dora, mir an och de Miro wäerten dech ganz vill vermëssen, maach et gutt a gréiss eis de Morphi. Run free Dora

 

 

Foto: Luisa Maria Stagno