Kalenner fir 2023

07/10/2022

Eise Kalenner fir 2023 ass do!

Dëst Joer kommen déi schéi Biller op onsem Kalenner 2023 vum der Dagesstruktur vun der APEMH. Hinnen e ganz grousse MERCI! D’Fotoe vun onse Muppen si vum Luisa Maria Stagno, vun onse Kazen vum André Faria Jorge. De Kalenner kritt dir bei eis am Asyl ze kafen. Den Déierekalenner kann och per Mail op info@asile.lu bestallt ginn, respektiv duerch d‘Iwwerweise vu 20,00 € (15.-€ Kalenner & 5,-€ Versand) op de Konto LU52 1111 0026 3011 0000 CCPLLULL mat der Mentioun „Kalenner 2023“. Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng.