Aktioun "Tierheimwünsche werde wahr" am Fressnapf Howald

06/12/2022

An schonn ass et rëm souwäit… "Tierheimwünsche werden wahr im Fressnapf Howald"

Bis de 24.12. leeft d‘Chrëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng. Um Wonschchrëschtbeemchen hänke vill kleng Käertecher mat flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen. Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déieren maache wëllt an déi dann och direkt am Fressnapf kafen an ënnert de Beemchen leeën. Esou sidd Dir sécher, dass Är Spend och definitiv fir eis 4beeneg Schützlinge gebraucht gëtt. Am Numm vun onse Muppen a Kazen soe mir Iech lo scho MERCI fir all déi vill Kaddoen déi mir scho kruten a nach kréien.