Kalenner 2025 - Calendrier 2025

05/10/2024

Eise Kalenner 2025 ass do!!

 

Fir 2025 ass en an Zesummenaarbecht mat der "Schoul um Ewent" Ecole Fondamentale de Contern entworf ginn. Hinnen ee ganz grousse MERCI dofir!

 

Den Déierekalenner kann ee bei eis am Shop vum Diddelenger Déierenasyl (op vu Méindes bis Freides tëschent 9:00 Auer an 18:00 Auer) zum Präis vu 15€ kafen.

Och ass et méiglech de Kalenner per Mail op info@asile.lu respektiv duerch d'Iwwerweise vun 20€ (15€ Kalenner & 5€ Versand) op de Kont

LU52 1111 0026 3011 0000 CCPLLULL mat der Mentioun "Kalenner 2025" ze bestellen an da kritt een e mat der Post geliwwert.

 

Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir déi verloosse Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng