Fir 2026 ass en an Zesummenaarbecht mat der Crèche Rockids Akademy vun Diddeleng entworf ginn. Hinnen e ganz grousse MERCI fir dee flotte Projet an di schéi Biller déi si gemoolt hunn!!
--> Des Ausgab kann een an der Gréisst A3 (€18,-) oder A4 (€15,-) kréien !
--> Versand 5,- €
Den Déierekalenner kritt der bei eis am Shop vum Diddlenger Déierenasyl, (ob vu Méindes bis Samsdes tëschen 9h00 an 18h00 Auer) ze kafen.
Oder iwwer Bestellung per Mail op info@asile.lu, respektiv duerch d‘Iwwerweise vum Akafspräis + Versand 5,- € op de Konto vum Asile pour Animaux Régional-Dudelange: LU52 1111 0026 3011 0000 CCPLLULL
mat der Mentioun „ Quantitéit x Kalenner 2026, Gréisst A3 oder Gréisst A4“ an da kritt der se mat der Post heem geschéckt.
Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir et Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng.