"Tierheimwünsche werden wieder wahr im Fressnapf Howald"
Bis de 24.12. leeft d'Chrëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng.
Um Wonschchrëschtbeemchen hänke vill kleng Kaarte mat flotte Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen.
Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déiere maache wëllt, an déi dann och direkt am Fressnapf kafen an ënnert de Beemche leeën. Esou sidd Dir sécher, dass Är Spend och definitiv fir eis 4beeneg Schützlinge gebraucht gëtt.
Am Numm vun onse Muppen a Kazen soe mir Iech elo scho villmools MERCI .